lëtzebuergeschen Ekonomist, Jurist a Politolog From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Yves Mersch, gebuer den 1. Oktober 1949 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Ekonomist, Jurist a Politolog. Zanter dem 15. Dezember 2012 ass hien Direktiounsmember vun der Europäescher Zentralbank (EZB). Am Abrëll 2019 gouf hie fir de Poste vum President vum Conseil de surveillance prudentielle vun der EZB virgeschloen.[1]
Yves Mersch | |
---|---|
Gebuer |
1. Oktober 1949 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Universitéit vu Paräis |
Aktivitéit | Ekonomist, Affekot, Banquier |
Den Yves Mersch war ufanks am Finanzministère Directeur du Trésor a vun 1985 un, ë. a. Regierungskommissär bei der Lëtzebuerger Bourse.
Zanter hirer Grënnung 1998 bis Enn 2012 war hie President vun der Banque centrale du Luxembourg.
Hie war och Member vum Rot vun der Europäescher Zentralbank, an huet Lëtzebuerg an enger Rei vun internationalen Organisatioune vertrueden, ë. a. als Vizegouverneur fir Lëtzebuerg beim Fonds monétaire international.
Um Europäesche Conseil vum 22. November 2012 gouf hien zum Member vum Directoire vun der EZB ernannt. Hien huet säin Amt de 15. Dezember 2012 ugetrueden.[2] Dës Ernennung war mat vill Krämpes verbonnen, well d'Europäescht Parlament, dat zu der Kandidatur gehéiert gouf, majoritär der Meenung war, et wier besser, eng Fra kréich dee Posten. D'Staats- a Regierungscheffen hu sech dann awer fir de Mersch entscheet.[3]
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.