Virginie Rausch
lëtzebuergesch Schwëmmerin an Olympionickin From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Virginie Rausch, gebuer den 12. Oktober 1906 an der Stad Lëtzebuerg, an och do gestuerwen den 9. Februar 1993, war eng lëtzebuergesch Schwëmmerin an Olympionickin.[1]
Remove ads
Si hat hir bedeitendst international Leeschtung op der Europameeschterschaft 1927 zu Bologna opweises, wou se sech am 200-m-Brasse fir d'Finall qualifizéiert hat a mat 3'35''8 op déi fënneft Plaz koum[2]. Am Joer duerno huet si Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller zu Amsterdam vertrueden[3]. An der Serie koum s'op d'Plaz 6 a gouf eliminéiert[2].
Si war d'Schwéiesch vun der Schwëmmerin Alice Stoffel an d'Niess vum deemolege President vum Swimming Lëtzebuerg, Marcel Rausch[2].
Remove ads
Kuckt och
Portal Sport
- Lëscht vu lëtzebuergesche Sportler
- Lëscht vu lëtzebuergeschen Olympionicken
- Lëtzebuergesch Sportler vum Joer
Referenzen
- Gricius, Pierre. Luxemburger Sportlerinnen bei den olympischen Spielen 1924 - 2012. Luxembourg: Conseil national des femmes, 2013. Print. S. 62-63. ISBN 978-2-9599734-5-1
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads