Villa Bonaventure Guillaume Pescatore

From Wikipedia, the free encyclopedia

Remove ads

D'Villa Bonaventure Guillaume Pescatore war en härschaftlecht Haus an der Uewerstad vun der Stad Lëtzebuerg. Se louch um Boulevard Royal, um Eck mat der Avenue Amélie.

Historesches

D'Villa gouf 1879 no de Pläng vum franséischen Zivilingenieur Oscar Belanger als Wunnhaus fir de Banquier Guillaume Bonaventure Pescatore gebaut.

Nodeems d'Villa méi spéit duerch Ierfschaft un d'Famill Le Gallais iwwergaang ass, gouf se un d'ARBED verkaaft. D'ARBED huet d'Villa un de belsche Staat verlount dee se vun 1923 un als Botschaft benotzt huet. Vun 1955 u war et déi belsch Ambassade, bis dës 1972 op Hollerech geplënnert ass. D'Villa war duerno awer nach bis 1985 d'Residenz vum Ambassadeur ier d'Villa dunn ofgerappt gouf[1].

Op där Plaz wou sengerzäit d'Villa Pescatore stoung, gouf uganks der 1990er Jore vum amerikaneschen Architektebureau „Arquitectonica“, zesumme mam Architektebureau Georges Reuter de Siège vun der Banque de Luxembourg gebaut.

Remove ads

Literatur

Referenzen an Notten

  1. An der Quell Phillipart stinn zwéi verschidden Datume wéini d'Villa ofgerappt gouf: 1985 an 1990
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads