Uewen
From Wikipedia, the free encyclopedia
En Uewen ass en Apparat, an deem Material op eng héich Temperatur erhëtzt gëtt fir sou e cheemesche Prozess an d'Gäng ze leeden. Den Uewe gëtt op eng kontrolléiert Aart a Weis erhëtzt. D'Hëtzt entsteet, an deem Brennholz oder fossil Brennstoffer wéi Gas, Ueleg oder Kuel verbrannt ginn. En Uewe kann awer och elektresch bedriwwe ginn.
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |

Et gëtt vill verschidden Zorte vun Iewen. Si ënnerscheede sech jee nom Material, aus deem si gebaut sinn oder mat deem s'erhëtzt ginn, no der Funktiounsweis, oder nom Zweck. E puer Beispiller sinn:
- de Bakuewen, an deem Liewensmëttel gebak, gegrillt oder gebrode ginn, zum Beispill, de Schäffchen an d'Kachmaschinn;
- den Héichuewen, eng grouss Anlag, mat där flëssegt Eisen aus Eisenäerz gewonne gëtt;
- de Brennuewen, mat deem Zillen, Keramik an Aulegeschier gebrannt a glaséiert ginn;
- de Kallekuewen, an deem Brandkallek aus Kalleksteen produzéiert gëtt (zum Beispill d'Kallekiewe vu Rëmeleng);
- den Uewen, deen dozou déngt, en Zëmmer oder en anere Banneraum ze wiermen.
Um Spaweck
Commons: Iewen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.