From Wikipedia, the free encyclopedia
De United Nations Children's Fund (UNICEF) ass d'Kannerhëllefswierk vun de Vereenten Natiounen. D'UNICEF ass den 11. Dezember 1946 gegrënnt ginn an huet hire Sëtz zu New York. Haaptaufgabe sinn et Entwécklungshëllef an humanitär Hëllefsaarbecht fir Kanner an hir Familljen an den Entwécklungslänner ze leeschten.
D'UNICEF krut 1965 de Friddensnobelpräis dee stellvertriedend vum amerikanesche Schauspiller Danny Kaye entgéint geholl gouf.
Nom Zweete Weltkrich war d'Leed vun de Kanner an Europa grouss. Fir dem Honger an de Krankheeten sou séier wéi méiglech bäizekommen, hunn d'Vereent Natioune sech am Dezember 1946 presséiert en internationalen Hëllefsprogramm, den United Nations International Children's Emergency Fund, op d'Been ze stellen.
Zanter 1950 gëllt d'Mandat vun der UNICEF fir Entwécklungslänner uechter d'ganz Welt. 1953 gëtt de United Nations International Children's Emergency Fund an United Nations Children's Fund ëmbenannt. Den Akronym UNICEF gouf awer wéinst senger allgemenger Bekanntheet bäibehalen. Gläichzäiteg ass och decidéiert ginn datt d'Kannerhëllefswierk zu enger permanenter Niewenorganisatioun vun de Vereenten Natioune gëtt.
1959 gëtt Deklaratioun vun de Kannerrechter (Déclaration des droits de l'enfant) vun der UNO-Generalversammlung unerkannt. Dat als Referenzpunkt zentraalt Dokument fir d'Aarbecht vun der UNICEF féiert 1989 zu der Kannerrechtskonventioun (Convention des droits de l'enfant). D'Konventioun ass zanter dem 1. Januar 1990 a Kraaft a gouf vun allen UNO-Membere bis op Somalia an de Vereenegte Staate vun Amerika ënnerschriwwen. D'USA wollten se net ratifizéiere well eent vu den zentrale Kannerrechter d'Doudesstrof fir Mannerjäreger verbidde géif, d'Regierung vu Somalia ass (nach) net vun de Vereenten Natiounen unerkannt.
D'UNICEF ass an 190 Länner weltwäit aktiv[2]. D'Haaptorganisatioun administréiert a koordinéiert déi eenzel Projeten. Direktesch vum UNICEF-Verwaltungsrot ass zanter 2005 - op fënnef Joer - d'Ann Veneman.
D'UNICEF huet a 34 Industrielänner autonom national Kommiteeën[3] a Form vun autoriséierten Netstaatlechen Organisatioune fir sech schaffen. D'National Kommiteeën si per Kontrakt un d'Haaptorganisatioun gebonnen. Hir Haaptaufgabe sinn et de jeeweilege Public fir d'Thematik ze sensibiliséieren an z'informéieren an z. B. och zu finanzieller Ënnerstëtzung (duerch Donen, Kaf vu Chrëschtkaarten, asw.) ze motivéieren. D'National Kommiteeën hunn, nieft den Haaptprioritéite vun der internationaler Organisatioun, deelweis eng spezialiséiert Agenda wat d'Hëllef bei akuten humanitäre Katastrophen ubelaangt.
Haaptprioritéite vun der UNICEF international sinn:
De Comité luxembourgeois pour l'UNICEF representéiert zanter 1979 d'UNICEF zu Lëtzebuerg a gouf 1986 als Netregierungsorganisatioun (Organisation non gouvernementale agréée) unerkannt.
UNICEF Lëtzebuerg ass eng Association sans but lucratif (a.s.b.l.) a setzt sech aus der Generalversammlung (Assemblée générale) an dem Verwaltungsrot (Conseil d'Administration) zesummen. D'Equipe vun UNICEF Lëtzebuerg besteet aus permanenten a fräiwëllege Mataarbechter.
Commons: UNICEF – Biller, Videoen oder Audiodateien |