From Wikipedia, the free encyclopedia
Eng Tréin (lat: lacrima) ass eng salzhalteg Kierperflëssegkeet, déi kontinuéierlech vun den Tréinendrüse vum Mënsch a soss Mamendéiere produzéiert gëtt. Se déngt primär dozou, de Sak vun der Conjonctive (de: Bindehaut) vum A propper ze halen an d'Hornhaut (fr: Cornée) ze befiichten an z'ernieren. Ausserdeem hëlleft d'Tréineflëssegkeet, d'optesch Eegenschafte vun der Fläch vun der Hornhaut ze verbesseren, andeems se physiologesch Onreegelméissegkeeten, déi entstinn, well d'Hornhaut net perfekt glat ass, ausgläicht.
D'Tréinesekreet besteet aus dräi Schichten: déi bannescht Schicht, déi op der Hornhaut läit, huet Muciner a Glykoproteiner, déi hëllefen, s'op der Hornhaut ze verdeelen. Déi mëttelst, stäerkst Schicht ass kloer, wässereg Tréineflëssegkeet, an déi baussecht Couche huet eng uelegzeg Konsistenz.
Nieft Waasser besteet d'Tréineflëssegkeet aus verschiddene Proteinnen (ënner anerem Immunglobulinen) an Enzymer (ënner anerem Lysozymer), anorganeschen a stéckstoffhaltege Substanzen souwéi Kuelenhydrater mat hire Metabolitten, an 9 Gramm Kachsalz pro Liter (0,9 %). Beim Kräischen ännert sech hir Zesummesetzung.
Et gëtt geschat, datt e Mënsch pro Dag bis zu engem hallwe Liter Tréineflëssegkeet produzéiert, wouvun e groussen Deel duerch den Tréinekanal ofleeft oder verdonst.
Et gëtt dräi Zorten Tréinen:
Commons: Tréinen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.