From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Theodore Lyman, gebuer den 23. November 1874 zu Boston, Massachusetts, a gestuerwen den 11. Oktober 1954 zu Cambridge, Massachusetts, war en amerikanesche Physiker.
Theodore Lyman | |
---|---|
Gebuer |
23. November 1874 Boston |
Gestuerwen |
11. Oktober 1954 Cambridge |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | Harvard Universitéit |
Aktivitéit | Physiker, Universitéitsprofesser |
Member vun | American Academy of Arts and Sciences, National Academy of Sciences |
De Lyman hat op der Harvard Universitéit studéiert, wou hie vun 1921 un als Professer geléiert huet. 1906 hat hien déi no him genannt Spektralserie (Lyman-Serie) vum Waasserstoffatom entdeckt.
Fir seng Verdéngschter z'éiere gouf hien 1901 an d'American Academy of Arts and Sciences opgeholl, a war do vun 1924 bis 1927 President.
1918 krut de Lyman de Rumford-Präis iwwerreecht.
Am Joer 1970 huet d'International Astronomesch Unioun him zu Éieren dem Krater Lyman um Äerdmound deen Numm ginn.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.