Théodore Géricault

From Wikipedia, the free encyclopedia

Théodore Géricault
Remove ads

Den Théodore Géricault, gebuer de 26. September 1791 zu Rouen, a gestuerwen de 26. Januar 1824 zu Paräis, war e franséische Moler a Sculpteur.

Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
Remove ads
Thumb
Le Radeau de la Méduse (1817-1818)

De Géricault mécht seng Léier an den Ateliere vum Pierre Guérin a vum Carle Vernet. Do léiert hien deem säi Jong, den Horace Vernet, kennen. De 5. Februar 1811 geet en op d'École des Beaux-Arts zu Paräis. No engem Echec beim Concours vum Grousse Präis vu Roum decidéiert en an Italien ze reese well hie staark vun de Renaissance–Molere beandrockt war, besonnesch vum Michelangelo, mä awer och vum Flammänner Rubens.

Am Ufank vu senger Carrière ënnerscheet hie sech vun den neoklassesche Moler aus der Schoul vum David. E moolt haaptsächlech Theemen aus dem Alldag. Als ee Spezialist fir d'mënschlecht Leiden duerzestellen gëtt hie séier een Haaptmoler vum Romantissem.

De Géricault ass zu Paräis um Kierfecht Père-Lachaise begruewen. Säi Graf, op deem hien a Bronz duergestallt ass, ass e Wierk vom Sculpteur Antoine Étex.

Remove ads

Molereien

Skulpturen

Thumb
Säi Graf um Père Lachaise.
  • Cheval écorché
  • Cheval arrêté par un homme
  • Satyre et Nymphe am Musée des beaux arts zu Rouen.
  • Bœuf terrassé par un tigre
  • Nègre brutalisant une femme
  • Statue équestre de l'Empereur Alexandre
  • Lion au repos
  • Cavalier Antique
  • Ecorché

Um Spaweck

Commons: Théodore Géricault – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.

Remove ads