From Wikipedia, the free encyclopedia
Tenacious ass den Numm vun engem Rover, deen zu Lëtzebuerg vun ispace Europe, enger Filial vun der japanescher Firma ispace, entworf a gebaut gouf, a mat där hirer zweeter Weltraummissioun de 15. Januar 2025 mat enger SpaceX-Rakéit vu Cape Canaveral aus an den All geschéckt gouf, mam Zil, um Mound Regolith (Gestengsgrimmelen) opzehuelen an deen, ënnert anerem fir d'NASA, zeréck op d'Äerd bréngen.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Tenacious ass 26 Zentimeter héich, 31,5 Zentimeter breet, 54 Zentimeter laang a weit eng 5 Kilogramm, besteet aus Plastik, dee mat Carbon-Fasere verstäerkt ass, an ass mat enger HD-Kamera an enger Schëpp ekipéiert. Seng Rees op de Mound dauert 4 bis 5 Méint. Mat Hëllef vum Lander Resilience soll ë.a. den Tenacious um Mound ausgesat ginn. [1]
Zil vun der Missioun ass et och, ze weisen, dass och Privatentreprisen esou Missioune kënnen ëmsetzen. Lëtzebuerg hat als ee vun den éischte Länner op der Welt e gesetzleche Kader gesat, deen ënnert anerem reegelt, wiem Ressourcen aus dem All, déi zeréck op d'Äerd bruecht ginn, gehéieren.[2]
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.