Remove ads
From Wikipedia, the free encyclopedia
Ënner Suizid versteet een d'Aktioun vun engem Mënsch, dee sech selwer, ouni friem Awierkung, ëmbréngt.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Déi relativ dackst Ursaach fir e Suizid respektiv Suizidversuch gëtt an enger psychescher Krankheet gesinn. En héije Prozentsaz vun alle Suiziden an de westleche Gesellschafte ginn dorop zeréckgeféiert. Virun allem bei Persounen, déi un Depressioune leiden ass de Suizid méi heefeg.
Suchtkränkten a chronesch Péng ginn och den Ulass zu Suiziden, heiansdo och de wirtschaftleche Ruin, z. B. duerch Verloschter um Spilldësch.
Ausser dem duebele Suizid, wou z. B. Mann a Fra oder zwee Verléifter sech zesummen ëmbrengen (Fall vum Dichter Heinrich von Kleist), gëtt och nach de Massesuizid.
Zu Lëtzebuerg huet de STATEC an de Joren 2000 bis 2005 all Joer tëscht 53 (2003) an 99 (2002) noweisbar Suiziden erfaasst. Et fält op, datt d'Suiziden zu Lëtzebuerg bei de Männer ongeféier 4-mol sou dacks si wéi bei de Fraen. Ausserdeem wäicht d'Aart a Weis wéi Männer sech ëmbréngen (Erschéissen, Strack) staark vun der Manéier, wéi Frae sech suizidéieren, (Medikamenter, Erdrénken, Erofsprangen) of. Et ass rar zu Lëtzebuerg datt eng Fra sech erschéisst oder op de Strack zeréckgräift.
Dacks ass et och, datt Persounen, déi sech suizidéiere wëllen, vun der Neier Bréck erofsprangen. Dobäi ass et allerdéngs eng Kéier virkomm, datt eng Persoun, déi net an der Mëtt vun der Bréck erofgesprongen ass, an engem Bam gelant ass, a schwéier blesséiert iwwerlieft huet.
Statistik iwwer d'Suiziden zu Lëtzebuerg | 2005 |
---|---|
Aart a Weis | Zuel |
Medikamenter, chem. Prod. | 10 |
Gas | 4 |
Strack | 25 |
Erdrénken | 4 |
Erschéissen | 7 |
Erofsprangen | 11 |
Schaarf Géigestänn | 2 |
Aner Manéier | 3 |
Total | 66 dovun 51 Männer a 15 Fraen |
Zënterhier ass d'Zuel liicht erofgaangen: Engem Rapport vun der Weltgesondheetsorganisatioun WHO/OMS no hu sech am Joer 2012 56 Leit zu Lëtzebuerg d'Liewe geholl, wouvunner 42 Männer a 14 Fraen, wat enger Quot vun 10 Fäll op 100 000 Awunner entsprécht. Am Verglach mat sengen Nopeschlänner huet Lëtzebuerg déi niddregst Quot.[1]
Am Juli 2015 huet de Gesondheetsministère den éischte nationale Preventiounsplang fir 2015-2019 mat 33 Moossname presentéiert[2],[3],[4]. No dësem Rapport gouf et am Joer 2014 offiziell 85 Doudesfäll duerch Suizid. 2% vun allen Doudesfäll géifen zu Lëtzebuerg duerch Suizid geschéien. Déi Zuele sinn awer Schätzungen an d'Donkelziffer läit wuel e gutt Stéck driwwer. Eng vun 10 Persounen hätt schonn op d'mannst eemol déi Manéier ze stierwen envisagéiert.
Commons: Suizid – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.