From Wikipedia, the free encyclopedia
De Sprosser (Luscinia luscinia) ass e Sangvull aus der Famill vun de Muscicapidae (de: Fliegenschnäpper). Hien ass d'Schwësteraart vun der Nuechtegailchen, där hie staark gläicht. Säi Verbreedungsgebitt zitt sech vun Ost- an Nordeuropa bis wäit no Osten an Asien.
Sprosser | |||||||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Aner Sproochen: | de: Sprosser fr: Rossignol progné | ||||||||||||||||
Systematik | |||||||||||||||||
| |||||||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||||
Luscinia luscinia (Linnaeus, 1758) |
An Europa, wou béid Aarte verbreet sinn, ass de Sprosser nëmmen am Nordosten ze fannen, wou hien d'Nuechtegailchen, déi am Weste vum Kontinent lieft, ersetzt. An Nord- an Ostdäitschland iwwerschneide sech déi zwee Verbreedungsgebidder an engem schmuele Beräich, an deem sech déi zwou Aarten ënnerenee reproduzéieren. Awer nëmmen déi männlech Nokommen aus dëse Kräizunge si fortplanzungsfäheg.
De lëtzebuergeschen Numm ass de selwechte wéi den däitschen, woubäi ugeholl gëtt, datt e vu Sprosse, am Sënn vun engem Fleck (cf. de: Sommersprosse, lëtz.: Speechelen) ofgeleet ass, dat wéinst der gefleckter bis donkler Broscht vum Sprosser. Déi franséisch Nimm rossignol philomèle (Nuechtegailchen) a rossignol progné (Sprosser) weisen op déi griichesch Mythologie hin: Philomela a Progne sinn zwou Schwësteren, déi an Nuchtegailecher (respektiv an eng Nuechtegailchen an an eng Schmuewel) verwandelt ginn. Den engleschen Numm thrush nightingale (Drosselnuechtegailchen) weist op déi no Famill mat der Nuechtegailchen hin.
Dem Sprosser säi Bruttgebitt zitt sech vun Nord- an Osteuropa bis wäit no Osten an Asien eran. Hien iwwerwantert am Oste vun Afrika südlech vun der Sahara. Déi europäesch Populatiounen zéien an zwou Schleefen, also op getrennte Weeër vun Norden no Süden an zeréck.
Zu Lëtzebuerg ass de Sprosser bis haut eréischt zweemol gesi ginn, dat um Duerchzuch an zwee Fiichtgebidder, wou jee een Exemplar gefaangen a beréngt gouf: 2015 am Schëfflenger Brill[1][2] an 2016 am Naturschutzgebitt Schlammwiss zu Iwwersiren.[2]
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.