From Wikipedia, the free encyclopedia
De Solar Dynamics Observatory (SDO) ass e Sonnefuerschungssatellit, deen den 11. Februar 2010 vun der NASA gestart gouf, fir d'dynamesch Virgäng op der Sonn ze studéieren, déi ënner dem LWS-Programm (Living With a Star) entwéckelt gëtt. Den SDO fiert mat de Miessunge vun der Sond SOHO weider. D'Käschte belafe sech op 856 Milliounen Dollar.
SDO | |
---|---|
Typ | Sonnefuerschungssatellit |
Land | USA |
Agentur | NASA |
COSPAR-Bezeechnung | 2010-005A |
Bunnhéicht | 34.600 km |
Bunnschréi | 28,5° |
Mass | 3100 kg |
Gréisst | 2,22 m × 2,22 m × 4,50 m |
Bunn-Ëmlafzäit | zirka 24 h |
Exzentrizitéit | |
Start | 11. Februar 2010 |
Startplaz | Cape Canaveral LC 41 |
Drorakéit | Atlas V |
Status | aktiv (5-10 Joer Aktivitéit virgesin) |
Den SDO-Satellit gouf am Goddard Space Flight Center vun der NASA gebaut. De Start war ufanks fir den 10. Februar 2010 geplangt, gouf awer wéinst staarkem Stuerm ëm 24 Stonne op den 11. Februar 2010 um 10:23 Auer (Uertszäit) verréckelt.
Fir de Satellit vum Cape Canaveral an eng geostationär Transferbunn ze brénge gouf eng Atlas-V-(401)-Drorakéit benotzt. Den SDO huet sech vun do mat Hëllef vu sengem eegenen Dreifwierk mat eelef Schubmanöveren an eng geosynchron Ëmlafbunn mat enger Bunnschréi vun 28,5° manövréiert, déi en de 16. Mäerz 2010 erreecht hat. D'Missioun soll op d'mannst fënnef Joer an dräi Méint daueren. Et ass awer genuch Dreifstoff fir eng zéngjäreg Missioun u Bord.
Den 21. Abrëll 2010 goufen déi éischt Fotoe publizéiert.[1]
Den SDO ass en dräi-Achse-stabiliséierte Satellit mat enger Gréisst vun 2,2 Meter mol 2,2 Meter mol 4,5 Meter, deen als Ganzt mat den Instrumenter a Solarpanéilen direkt op d'Sonn ausgeriicht gëtt. De Satellit huet en Apogäeumsdreifwierk fir den Aschoss an déi geosynchron Ëmlafbunn, souwéi verschidde kleng Lagreegelungsdreifwierker. D'Startmass war 3100 kg, dovun ware 1400 kg Dreifstoff an 270 kg wëssenschaftlech Notzlaascht. D'Solarpanéil mat enger Fläch vu 6,6 m² an enger Spanwäit vu 6,5 m produzéiert 1450 Watt Leeschtung.
Den SDO huet follgend dräi Instrumenter u Bord:
Den SDO iwwerdréit déi gemoosse wëssenschaftlech Daten iwwer eng Héichvitessfunkverbindung mat 130 Megabit pro Sekonn am Ka-Band bei 26 GHz. Dofir huet de Satellit zwou Antennen. D'Betribsdate ginn iwwer S-Band iwwermëttelt. Eng speziell fir d'SDO-Missioun gebaut Buedemstatioun op der White Sands Missile Range mat zwou redundanten 18-Meter-Antennen empfängt d'Daten. Den Datestroum ka bis zu 300 Mbit/s erginn.
Commons: Solar Dynamics Observatory – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.