Seabourn Spirit
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Seabourn Spirit ass, nieft dem Seabourn Pride an der Seabourn Legend, eent vun den dräi baugläiche Luxus-Schëffer vun der Seabourn Cruise Line, mat deenen dëse Reeder Croisièren duerchféiert.
![]() |
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Seabourn Spirit Seabourn Pride Seabourn Legend | ||
---|---|---|
Technesch Donnéeën (Iwwerbléck) | ||
Schëffstyp: | Passagéierschëff | |
Asaz: | Croisièren | |
Kategorie: | 5+-Stären | |
Gréisst: | 9.975 BRT | |
Maschinnen: | 4 Dieselmotoren (Nomo-Bergen) | |
Leeschtung: | 7.280 kW | |
Längt (i. W.): | 133,81 m | |
Breet (i. W.): | 19 m | |
Déifgang: | 5,20 m | |
Vitess: | 19,3 Kniet | |
Passagéierkapazitéit: | 208 | |
Equipage: | 164 | |
Baujoer: | 1989 | |
Bauwerft: | Schichau Seebeckwerft Bremerhaven | |
Zodiac: | 4 | |
Tender (50 Sëtzplazen): | 2 | |
Kabinnen: | 204 | |
Registréiert: | Bahamas | |
Hafen doheem: | Nassau | |
Bordsprooch/Wärung: | Englesch/US$ | |
Haaptrestaurant: | 1+ 1 | |
Baren: | 3 | |
Swimmingpoolen: | 1 | |
Whirlpools: | 3 | |
Quell: | www.seabourn.com |
Piratenattack op d'Seabourn Spirit

Bekannt gouf d'Schëff duerch en Ugrëff vu Pirate virun der Küst vu Somalia de 5. November 2005. D'Schëff gouf vun zwee klenge Booter mat ongeféier 12 Piraten u Bord ugegraff. Si hate Mitrailletten (AK-47) a Rakéitegranaten, eng Zort Panzerfausten, dobäi. Eng Granat huet d'Schëff getraff, an e Member vum Equipage gouf dobäi liicht verwonnt.
D'Seabourn Spirit huet sech per Long Range Acoustic Device LRAD[1] geint den Ugrëff gewiert a konnt am Zickzackkurs a Richtung offent Mier entkommen. Uschléissend ass den US-Zerstéierer USS Gonzalez (DDG-66) zu Hëllef komm a seng Sprengstoffexperte konnten d'Granat, déi net explodéiert war, sécherstellen.
Literatur
- Ward, Douglas: Berlitz Complete Guide to Cruising & Cruise Ships 2006, ISBN 981-246-739-4
Kuckt och
Um Spaweck
Commons: Seabourn Spirit – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit vun der Seabourn Cruise Line
- Bewäertung vu Croisièresschëffer
- Postkaarten vu Croisièreschëffer
Referenzen an Notten
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.