From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Schlass vu Mäertert ass e Schlass aus dem Joer 1870 am neobarocke Stil, dat an der Rue du Parc, am historeschen Zentrum vu Mäertert steet. Et ass a Privatbesëtz.
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Gemeng Mäertert |
Plaz | Mäertert |
Adress | 1, rue du Parc Mäertert |
Koordinaten |
49° 42’ 02.3’’ N 06° 28’ 50.5’’ O |
Baustil | Neobarock |
Statut | ICPCN - Intention de classement |
Datum vum Bau | 1870 |
Um Areal vum Schlass stoung zur Réimerzäit eng Villa rustica[1], dono am Mëttelalter e gréisseren Haff, dee bis zu der Franséischer Revolutioun der Abtei Sankt-Maximin vun Tréier gehéiert huet. 1797 gouf en un de viregte Piechter versteet.[2]
Dat haitegt Schlass gouf 1870 vum Dominique-Antoine Pescatore (1842-1916) gebaut, en Nokomme vun der Famill Pescatore. Hien huet och 1873 e Park uleeë gelooss, no Pläng vum Edouard André. An der Entrée vum Park stinn zwou gosse Skulpture vun engem Tiger a vun engem Léiw, vum Henri Jacquemart.[2]
Nach zu senge Liefzäiten huet den Antoine Pescatore d'Schlass misse verkafen. Et gouf un en Hotelier verkaaft, deen e Parc-Hotel draus gemaach huet. Am Zweete Weltkrich war an engem Deel vum Gebai e Chimieslabo, am Park war e Gefaangenelager.[2]
Am Juli 2019 huet d'Commission pour le patrimoine culturel (Copac; vidru Cosimo) e positiven Avis ofginn, d'Schlass als national Architekturierfschaft klasséieren ze loossen.[2] De Proprietär, wéi och d'Gemeng Mäertert waren dergéint; et géing duer, datt d'Schlass schonn eng kommunal Protektioun hätt, an et wier am Laf vun der Zäit, no villen Ännerungen, net méi vill historesch Wäertvolles iwwreg bliwwen.[3] De Kulturministär do dergéint huet fonnt, d'Gebai géif d'Kritäre fir eng Klasséierung - Authentizitéit, Gattung, Zäit vum Bau, Erënnerungsplaz, Sozial- oder Kultusgeschicht an Entwécklungsgeschicht - erfëllen.[4]
Den 26. Januar 2023 gouf d'Gebai op d'Lëscht vun den nationalen Architekturierfschaften agedroen.[5]
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.