Barockschlass zu Bettenduerf From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Schlass vu Bettenduerf steet an der lëtzebuergescher Uertschaft Bettenduerf.
Dësen Artikel iwwer eng Buerg oder e Schlass ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Schlass Bettenduerf | |
Typ | Schlass |
---|---|
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Bettenduerf |
Plaz | Bettenduerf |
Koordinaten | 49°52'33"N, 6°13'14"O |
Statut | Klasséiert Monument |
D'Urspréng ginn an d'13. Joerhonnert zeréck. D'Gebai, wéi mer haut nach kennen, am Barockstil, ass aus dem Joer 1728 a gouf 1962 restauréiert.
D'Schlass, dat an der Mëtt vum 19. Joerhonnert am Besëtz vun der belscher Adelsfamill d'Olimart war, goung duerch Bestietnes vun der Julie d'Olimart mam preiseschen Offizéier Georg-Alvin von Puttkammer (1811-1885) an de Besëtz vun där Famill iwwer. Méi spéit hunn do hire Jong Adolf (1847-1925), an am 20. Joerhonnert ee vun deem senge Jongen, de Gustav von Puttkamer, dra gewunnt. Dësen ass géint Enn vum Zweete Weltkrich, well e mat den Nazie kollaboréiert hat, op Wiesbaden wunne gaangen. Hie gouf vun der Lëtzebuerger Justiz zu enger Personne non-désirable deklaréiert a säi Besëtz zu Lëtzebuerg, dorënner d'Schlass Bettenduerf, konfiszéiert.[1]
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
D'Schlass ass haut a Privatbesëtz an ass net ëffentlech zougänglech[2]. 2007 gouf et mam Park ronderëm op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationalmonument klasséiert[3].
Commons: Schlass Bettenduerf – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.