lëtzebuergesch Politikerin From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Sam(antha) Tanson, gebuer de 4. Abrëll 1977[1], ass eng lëtzebuergesch Affekotin a Politikerin.
Sam Tanson | |
---|---|
Gebuer |
4. Abrëll 1977 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun |
Universitéit Panthéon-Sorbonne, Institut d'études politiques de Paris |
Aktivitéit | Politiker, Affekot, Journalist |
Partei | déi gréng |
D'Sam Tanson huet zu Paräis op der Sorbonne eng Maîtrise an Droit gemaach an um Institut d'études politiques en Diplom[1].
Si war Mataarbechterin am Lëtzebuerger Land a vun 2002 bis 2005 Journalistin bei Radio Lëtzebuerg. 2005 huet si sech um Barreau als Affekotin ageschriwwen[1].
D'Sam Tanson war virun 2009 ee vun den zwee Porte-parolë vun déi jonk gréng; vun November 2009 bis 2010 war si Porte-parole vun Déi Gréng (zesumme mam Christian Goebel) a gouf du Presidentin vun där Partei. Ausserdeem ass si Vizepresidentin vun der Grénger Stëftung (mam Claude Turmes).
Si war vun 2011 bis 2018 am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg, dovun vun 2013 bis 2017 als Éischt Schäffin, responsabel fir Finanzen a Mobilitéit[2].
De 7. Juni 2015 gouf si zum Member vum Staatsrot ernannt wou si d'Agnès Rausch ersat huet[3]. De 14. Abrëll 2018 ass si nees vun där Funktioun zeréckgetrueden, fir hire Parteikolleeg Claude Adam an der Chamber z'ersetzen, deen do opgehalen huet[4].
Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 gouf si an d'Chamber erëmgewielt[5]. Si huet awer op hiert Mandat verzicht, fir de 5. Dezember 2018 Ministesch fir Logement a Kultur an der Regierung Bettel-Schneider-Braz ze ginn.
Am September 2019 huet si zousätzlech, temporär de Ressort vum Justizministère vum Félix Braz iwwerholl, deen aus gesondheetlech Grënn seng ministeriell Aufgaben net méi erfëlle konnt[6],[7]. Si huet déi Funktioun den 11. Oktober 2019 definitiv iwwerholl an de Ressort vum Wunnengsbau un den Henri Kox ofginn[8].
Hiert Ministeschmandat goung de 17. November 2023 op en Enn, si ass zanterhier Deputéiert an der Chamber, wuer si bei de Wale vum 8. Oktober gewielt gi war.
Commons: Sam Tanson – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.