Salman ibn Abd al-Aziz
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Salman ibn Abd al-Aziz Al Saud (Arabesch: سلمان بن عبد العزيز آل سعو) , gebuer den 31. Dezember 1935 zu Riad, ass zanter dem 23. Januar 2015 absolutistesche Kinnek a Premierminister vu Saudi-Arabien. Doduerch ass hien och de Commandant-en-chef vum saudesche Militär.
Remove ads
Hien ass den 32. Jong vum Staatsgrënner, dem Abd al-Aziz ibn Saud. Seng Mamm ass d'Prinzessin Huzza Bint Ahmed Bin Mohammed Al-Sudairi. Hie selwer huet, aus dräi Bestietnisser, eng Duechter an zwielef Jongen. Säi Jong Sultan war 1985 deen éischte Saudi am Weltraum.
Hie war vun 1962 bis ier e Kinnek gouf Gouverneur vun der Provënz Riad. De 5. November 2011 gouf hie Verdeedegungsminister, an den 18. Juni 2012 zousätzlech Krounprënz a Vizepremier. Den 23. Januar 2015 gouf hien, nom Doud vu sengem Hallefbrudder Abdullah, zum Kinnek vu Saudi-Arabein ernannt.
Säin designéierten Nofollger ass de Krounprënz Muqrin.
Remove ads
Um Spaweck
Commons: Salman ibn Abd al-Aziz – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads