franséisch Uertschaft a Gemeng am Departement Moselle From Wikipedia, the free encyclopedia
Saint-Louis-lès-Bitche (op Däitsch: Münzthal) ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng an der Regioun Grand Est, am Departement Moselle. 1999 hunn do 634 Awunner (Ludovicien(ne)s op Franséisch) gelieft.
D'Duerf läit am Parc naturel régional des Vosges du Nord, an ass virun allem bekannt fir seng Kristallsglasmanufaktur.
D'Duerf läit op der Baach, déi och Saint-Louis-lès-Bitche heescht, an ass mat der Kristallsglas-Manufaktur an enger nei geschaafter Lichtung opgebaut ginn.
1767, hunn zwéin Affekoten, de René-François Jolly an de Pierre-Étienne Ollivier, d'Autorisatioun vum Louis XV. kritt, eng al Galsbléiserei, déi et virdrun do gouf, nees opzeriichten. Se krut den Titel verrerie royale a gouf nom Louis IX. genannt. No an no sinn eng Kapell, Wunnenge fir d'Meeschtern an d'Aarbechter, Bauerenhäff, eng Millen, eng Schräinerei an eng Blechschléierei bäikomm.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.