Remove ads
italieenesche Schauspiller a Foussballspiller From Wikipedia, the free encyclopedia
De Raf Vallone, gebuer als Raffaele Vallone de 17. Februar 1916 zu Tropea a Kalabrien, a gestuerwen den 31. Oktober 2002 zu Roum, war en italieenesche Foussballspiller, Journalist, Film- an Theaterschauspiller an Theaterregisseur.
Raf Vallone | |
---|---|
Gebuertsnumm | Raffaele Vallone |
Gebuer |
17. Februar 1916 Tropea |
Gestuerwen |
31. Oktober 2002 Roum |
Nationalitéit | Italien, Kinnekräich Italien |
Aktivitéit | Foussballspiller, Journalist, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Partisan |
Positioun oder Spezialitéit | Mëttelfeldspiller |
Veräin/Ekipp |
Novara F.C., FC Turin, FC Turin |
Famill | |
Bestuet mat | Elena Varzi |
Kanner | Eleonora Vallone, Saverio Vallone |
De Raf Vallone huet Droit a Philosophie op der Universitéit zu Turin studéiert. Hien huet duerno professionell Foussball beim FC Turin gespillt.
Hien huet, no engem éischte Film am Joer 1942, seng Filmcarrière am Joer 1949 mam Film Riso amaro vum Giuseppe De Santis richteg ugefaangen. Am Kino ass hien a villen italieeneschen awer och a villen internationale Filmer opgetrueden.
Bedeitend Filmer a senger Carrière sinn Thérèse Raquin (1953) vum Marcel Carné, Rose Bernd (1957) vum Wolfgang Staudte, La ciociara (1960) vum Vittorio De Sica, El Cid (1961) vum Anthony Mann an The Cardinal (1963) vum Otto Preminger.
Hie war vun 1952 bis zu sengem Doud am Joer 2002 mat der Schauspillerin Elena Varzi bestuet. Zwee vun hiren dräi Kanner d'Eleonora Vallone an de Saverio Vallone sinn och Schauspiller.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.