From Wikipedia, the free encyclopedia
De Questar 3.5" Teleskop ass ee Maksutov-Cassegrain-Teleskop dat vun der Questar Corporation mat Sëtz zu New Hope, Pennsylvania vun 1954 bis 2000 hiergestallt gouf.
Dat fir Amateurastronomen hiergestallt Questar 3.5" Standard-Teleskop hat eng fräi Ëffnung vun 88,9 mm, wat bei enger Brennwäit vun 1280 mm en Ëffnungsverhältnes vun ergëtt. Dat hënnescht Enn vum Tubus ass duerch e Gehäis ofgeschloss, dodra sinn d'Fokus-Stellschrauf, de Zenitprisma, den Okulardréier, d'Barlowlëns, de Sicher an d'Uwendungselementer. Hannen um Gehais kann e Kameraadapter fir Fokalfotografie ubruecht ginn. Als Bäilag gehéiert nach een op d'Objektiv opschraufbare Sonnefilter. Zousätzlech ass de QMax, ee vu Questar produzéierte Sonnespektrometer op Lager.
De Zenitprisma léisst sech säitlech verréckele fir de Stralegank fir de vertikal agebaute Sicher an d'Fokalfotografie fräizeginn. De Sicher huet eng Brennwäit vun 100 mm, mat dem agesate 24 mm Okular ergëtt dat eng 4-fach Vergréisserung. Den Objet deen observéiert gëtt, gëtt iwwer een ënner dem Gehais festgemaachtene 45°-Spigel erfaasst. Deee ka mat engem zouschaltbare Sonnefilter ofgeblent ginn. Déi iwwer dem Zenitprisma zouschaltbar Barlowlëns erhéicht d'Brennwäit a Vergréisserung ëm dat 1,7-facht. D'Streeliichtblend, déi och als Daschutzhüls déngt, kann een um Tubus verréckelen .
D'Questar-Brandon Okularen (Typ Plössl modifizéiert, Brennwäit 6 / 8 / 12 / 16 / 24 / 32 mm), Duerchmiesser 1¼ Zoll hunn e Gewënn. 1¼ Zoll (31,75 mm)-Okulare vun anere Produzente souwéi 2 Zoll Okulare kënnen net gebraucht ginn.
Den Tubus ass op enger Gafelmontéierung aus Aluminium gelagert. Déi kann azimutal gebraucht ginn. Si kann awer och mat den Zousazdeeler parallaktesch bedriwwe ginn. Fir d'Noféierung déngt en Elektromotor vun 12, 110 oder 220 Volt. Fir héich Uspréch, besonnesch fir d'Fotograféieren huet de Questar och eng Polhéichtewéi inklusiv Stativ an der Offerte.
Um ziville Maart gouf de Questar 3.5" a follgende Varianten ugebueden:
Obschonn d'Produktioun vu Questar 3.5" Teleskope fir de private Maart bestëmmt war, goufe si och vun der US-amerikanescher Loft- a Raumfaartagentur NASA fir de Gemini-Programm (Äerdfotoen) wéi och am Apollo-Programm bei Moundfotoen agesat.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.