Lëtzebuergeschen Jazzmuseker From Wikipedia, the free encyclopedia
De Pol Belardi, gebuer de 24. Abrëll 1989 zu Esch/Uelzecht, ass e polyvalente lëtzebuergeschen Jazzmuseker, Bassist, Kontrabassist, Vibrafonist, Pianist, Batteur a Perkussionist. A senger Jugend huet hie Musek vu Videospiller transkribéiert an nei arrangéiert.
Pol Belardi | |
---|---|
Gebuer |
24. Abrëll 1989 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Jazzmuseker, Bassist, Kontrabassist, Vibraphonist, Pianist, Batteur, Perkussionist, Enseignant |
De Pol belardi huet säi Secondaire am Lycée Hubert-Clément zu Esch/Uelzecht (2001-2005) an am Stater Kolléisch (2005-2008) gemaach.
Seng musekalesch Ausbildung heizuland krut hien um Escher Conservatoire (Solfège, Percussioun, Jazzpiano, Kammermusek, Schlogezei, Piano, Kontrabass, Harmonie) an um Stater Conservatoire (Jazzpiano, Jazz-Bass-Gittar). Seng universitär Ausbildung absolvéiert hie vun 2008-2011 um Conservatoire royal de Bruxelles (Jazzpiano, Jazz-Bass-Gittar) a vun 2011-2014 um Conservatorium van Amsterdam (Jazz-Bass-Gittar), wou hien 2014 säi Master of Music mat "cum laude" ofgeschloss huet.
Hien huet Formatiounen a Masterclasses bei enger Rei vu bekannte Museker suivéiert, ë. a.: Simone Rebello, Jean Geoffroy, Mike Mainieri, Andy Sheppard, Matthew Garrison, Reggie Washington, Kai Eckhardt,Vijay Iyer, Dominique diPiazza an Dick Oatts.
De Pol Belardi enseignéiert Bass-Gittar, Jazzpiano, Jazztheorie, Solfège, Percussioun a verschiddene Museksschoulen zu Lëtzebuerg (Déifferdenger, Iechternacher a Péitenger Museksschoulen) an am Lycée technique d'Esch-sur-Alzette.
De Pol Belardi ass a follgende Länner opgetrueden (Stand 2018): Lëtzebuerg, Belsch, Frankräich, Däitschland, Holland, Slowakei, Polen, Italien, Portugal, Schwäiz, Griicheland, Zypern, Tierkei, Dänemark, USA, Kanada, China, Korea, Japan an Indien.
Hien animéiert véier Radiossendungen um soziokulturelle Radio 100,7, zesummen ë. a. mat dem lëtzebuergeschen Jazzmuseker Pit Dahm: Blue Note, Hidden Jazz Gems, Jazz Revisited an Jazz Unrevealed.
Commons: Pol Belardi – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.