From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Pilzer (lat. fungi) bilden an der biologescher Klassifikatioun, nieft dem Planzeräich, de Protisten an dem Déiereräich, eent vun de véier Räicher vun den Eukaryoten, de Liewewiese mat echtem Zellkär.
![]() |
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Pilzeräich | |||||
---|---|---|---|---|---|
![]() E Stännerpilz | |||||
Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |||||
| |||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||
Fungi |
Zu de Pilzer ziele souwuel Eenzeller wéi d'Bakhief, wéi och Villzeller wéi d'Stännerpilzer, virun Allem déi iessbar si beim Mënsch beléift, an déi meeschtens onbeléift Schammelpilzer.
Pilzer multiplizéieren a verbreeden sech geschlechtlech an ongeschlechtlech duerch Sporen a vegetativ duerch Ausbreedung (eventuell mat Fragmentéieren) vun hire munnechmol immens laangliewege Myzelien oder Mykorrhizen. De gréissten Deel vun der Biomass vun de Pilzer ass am Buedem ze fannen.
De Gréisstespektrum vun de Pilzer reecht vu mikroskopesch klengen Aarte bis zu den liicht erkennbare Grousspilzer. D'Myzel vun enger Hallimaschaart (Armillaria ostoyae[1]) aus dem Malheur National Forest (USA) ass mat enger Ausdeenung vun 8,8 km² an engem geschaten Alter vun 2.400 Joer eent vun den eelsten an dat gréisst Liewewiesen op der Äerd.
D'Wuert „Pilz“ staamt vum Alhéichdäitsche buliz, wat warscheinlech vum laténgesche bōlētus (griichesch βωλίτης = Champignon) ofgeleet gouf. Déi botanesche Bezeechnung fungi léisst sech op dat griichescht σφόγγοι (Plural) zeréckféieren, a bezeechent ursprénglech Schwämm. Well Pilzer sech och mat Waasser vollsuckele wéi Schwämm, gouf de Begrëff am Laf vu senger Geschicht op si iwwerdroen.
D'Léier vun de Pilzer heescht Mykologie, ofgeleet vum griicheschen ὁ μύκης [mýkēs].
Zu Lëtzebuerg huet d'Studium vun de Pilzer eng laang Traditioun, déi hautdesdaags vum Groupe de recherche mycologique vun der Société des naturalistes luxembourgeois oprecht erhale gëtt. Haaptaktivitéite[2] sinn Exkursiounen, Bestëmmungsowenter a Publikatiounen.[3]
Commons: Fungi – Biller, Videoen oder Audiodateien |
| |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.