lëtzebuergesche Mathematiksprofesser a Mykolog From Wikipedia, the free encyclopedia
De Paul Diederich, gebuer de 4. Mee 1959 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Mathematiksprofesser a Mykolog.
Paul Diederich | |
---|---|
Gebuer |
4. Mee 1959 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun |
Lycée Michel-Rodange, Universitéit vu Léck |
Aktivitéit | Lichenolog, Mykolog, Mathematiker, Enseignant, Universitéitsprofesser |
Member vun | Institut Grand-Ducal |
Hien ass den Auteur vun enger ganzer Rei vu wëssenschaftleche Publikatiounen an de Beräicher vun der Botanik an der Mykologie, haaptsächlech vun de Flechten.
De Paul Diederich ass wëssenschaftleche Mataarbechter vum Naturmusée a Membre effectif vum Institut grand-ducal, section des sciences. Zanter 1985 ass hie mat responsabel fir d'Publikatioun vum Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois.
Hien ass bestuet a Papp vun dräi Kanner.
Nom Premièresdiplom (1979) am Lycée Michel Rodange zu Lëtzebuerg huet hie Mathematik op der Fräier Universitéit vu Bréissel studéiert, duerno Informatik op der Universitéit zu Léck; 1989 huet hien den Diplom vum Dokter an der Wëssenschaft op der Kathoulescher Universitéit vu Louvain kritt. Titel vun der Thees: « Étude taxonomique et écogéographique des lichens épiphytiques et de leurs champignons lichénicoles (macrolichens exceptés) du grand-duché de Luxembourg ».
Hie war vun 1987 u bis 2019 Mathematiksprofesser an der École de commerce et de gestion.
Nom Paul Diederich si follgend Gattungen an Aarte vu Pilzen a Flechte benannt:
An nach ronn 100 aner Publikatiounen. Fir eng détailléiert Lëscht dovu kuckt op .
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.