Remove ads
Lëtzebuergesche Politiker, Auteur a Resistenzler From Wikipedia, the free encyclopedia
De Pierre Frieden, gebuer den 28. Oktober 1892 zu Mäertert, a gestuerwen den 23. Februar 1959 zu Zürich, war e lëtzebuergesche Politiker a Schrëftsteller.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Politiker a Staatsminister Pierre Frieden (1892-1959). Fir aner Leit mat deem Numm, kuckt wgl. Pierre Frieden (Homonymie). |
Pierre Frieden | |
---|---|
Gebuer |
28. Oktober 1892 Mäertert |
Gestuerwen |
23. Februar 1959 Zürich |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun |
Athénée de Luxembourg, Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Schrëftsteller, Lycéesprofesser |
Partei | CSV |
Famill | |
Bestuet mat | Madeleine Frieden-Kinnen |
No der Primärschoul zu Mäertert ass de Pierre Frieden an den Iechternacher Kolléisch gaangen, wou en 1912 seng Première gemaach huet. Duerno, bis 1916 studéiert de Pierre Frieden Philosophie a Literatur um Cours supérieurs am Stater Kolléisch souwéi zu Freiburg, Zürich, Genf a München. 1919 gëtt hie Professer a gëtt bis 1940 Coursen am Dikrecher Kolléisch, am Stater Kolléisch an um Cours supérieurs.
Vum 4. bis den 18. September 1942 haten Besatzer hien am Gronn agespaart an duerno bis de 4. November 1942 am KZ Hinzert. Duerno gouf hie vu senger Plaz als Direkter vun der Nationalbibliothéik den 1. Oktober 1942 entlooss an du stoung e vum Oktober 1942 bis zur Liberatioun am September 1944 ënner Hausarrest.
1944, no der Liberatioun vu Lëtzebuerg, gouf hien an der Regierung vun der Befreiung, Minister fir Erzéiung, Kultur a Wëssenschaften ënner dem Pierre Dupong als Staatminister.
Vum 14. Dezember 1945 bis de 15. Juli 1948 war hie Member vum Staatsrot.[1]
D'Funktioun als Minister fir Erzéiung, Kultur a Wëssenschaften hëlt hien an der Regierung Regierung Dupong-Schaus, no de partielle Chamberwalen vum 6. Juni 1948 am Süden an am Osten, nees un.
1958, den 29. Mee, gëtt de Pierre Frieden zousätzlech Staatsminister a Regierungspresident. Mä scho knapps e Joer duerno sollt hien zu Zürich verscheeden (23. Februar).
Hie war mat der Madeleine Kinnen bestuet.
Dem Pierre Frieden säi literarescht Wierk dréit sech ëm de Mënsch am Liicht vun engem kathouleschen Humanismus. Hien huet vill Bicher an Artikele verëffentlecht.
Als Unerkennung un de Pierre Frieden sinn eng Rei Stroossen no him benannt: zu Déifferdeng, an der Stad Lëtzebuerg, zu Mäertert, Schëffleng an Zolwer.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.