Pascal Husting

lëtzebuergeschen Ëmweltaktivist From Wikipedia, the free encyclopedia

De Pascal Husting, gebuer den 1. Juli 1961[1], ass e lëtzebuergeschen Ëmweltaktivist. Hie gouf Enn 2011 Programmdirekter vu Greenpeace International.[2] 2018 gouf hie bannent dem Generalsekretariat vun der LSAP Responsabele fir d'Kommunikatioun, d'Bezéiungen zu der Press an d'Organisatioun vun Evenementer[3]

Séier Fakten Gebuer, Nationalitéit ...
Pascal Husting
Gebuer 1. Juli 1961
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Ëmweltaktivist
Zoumaachen

De Pascal Husting huet zu Köln Sport studéiert an huet vun 1987-1988 an enger Erzéiungsanstalt Schoul gehalen. 1990 bis 1995 huet hien an enger Cabinet fir Audit a Comptabilitéit geschafft. 1995 gouf hie Finanzdirekter, 1997 Direkter vu Greenpeace Lëtzebuerg. 2004 gouf de Pascal Husting Responsabel fir de Büro "Ëstlecht Mëttelmier" (Tierkei, Libanon, Israel a Malta) vun där Organisatioun.[4] Vu Mäerz 2005 bis Dezember 2011 war hien Direkter vu Greenpeace France.[5]

Um Spaweck

Referenzen

  1. greenpeace.org: .
  2. Pascal Husting Directeur de Greenpeace France. Archivéiert de(n) 21.12.2008. Gekuckt de(n) 17.02.2009.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.