From Wikipedia, the free encyclopedia
De Partito Democratico (kuerz: PD, italieenesch fir Demokratesch Partei) ass eng sozialdemokratesch italieenesch politesch Partei. Si ass 2007 mat der Fusioun vu verschidde Mëtt-Lénkse Parteien entstanen, déi schonn 2006 zur Walallianz L'Unione gehéiert hunn. Déi gréisst Parteie waren d'Democratici di Sinistra, de Successeur vun der italieenescher Kommunistescher Partei, an Democrazia è Libertà – La Margherita. Am PD spillen déi chrëschtlech Lénk eng wichteg Roll.
Logo | Parteizentral |
---|---|
Via Sant'Andrea delle Fratte 16 - 00187 Roum Italien | |
Basisdonnéeën | |
Grënnungsdatum: | 14. Oktober 2007 |
Memberen: | 385.320 (2015)[1] |
Ideologie: | sozialdemokratesch chrëschtlechsozial lénksliberal |
Faarwen: | Rout a gréng |
Europäesch Affiliatioun: | Europäesch Sozialisten |
Websäit: | www.partitodemocratico.it |
Nom Récktrëtt vum Silvio Berlusconi als Ministerpresident am November 2011 huet de PD dem Mario Monti seng technokratesch Regierung extern ënnerstëtzt. Zënter Abrëll 2013 waren dräi Demokraten noenee Regierungschef an Italien: den Enrico Letta bis Februar 2014, de Matteo Renzi bis Dezember 2016 an direkt nom Renzi de Paolo Gentiloni bis Juni 2018.
Commons: Partito Democratico – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.