politesch Partei zu Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Partei fir Aarbecht, Rechtsstaat, Trucmachin, Elitefërderung a basisdemokratesch Initiativ[1] (kuerz: d'PARTEI) ass eng Lëtzebuerger politesch Partei déi den 9. Dezember 2019 gegrënnt gouf[2]. D'PARTEI ass d'Lëtzebuerger Schwësterpartei vun der däitscher Satirpartei Die PARTEI. Si huet momentan keng Mandater.
Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Partei fir Aarbecht, Rechtsstaat, Trucmachin, Elitefërderung a basisdemokratesch Initiativ | |
---|---|
Ofkierzung | d'PARTEI |
President | Jeff Cigrand |
Generalsekretär | Jil Eiffes |
Fondateuren | Jeff Cigrand, Florian Holtgen, Ayla Hentges |
Gegrënnt | 09.12.2019 |
Parteizentral |
70, rue Camille Wampach |
Ideologie | Satir |
Politesch Positioun | Zentrum |
Faarf | Himmelblo |
Slogan | Wielt d'PARTEI, well si ass gutt. |
Hymn | Die Endgültige Parteihymne |
Websäit | partei.lu/ |
D'PARTEI gouf mat der Iddi fir méi Satir an d'Lëtzebuerger Politiklandschaft ze brénge gegrënnt[3]. Zanterhier probéiert si mat Witz a Satir anere Parteien a politesche Beweegungen de Spigel virzehalen.
D'PARTEI an hire President goufen 2021 vum Christian Isekin, deemolege President vun der Partei PID a Leeder vu verschiddene libertäre Mouvementer, ugeklot[4]. D'Behaaptung war, datt duerch d'politesch Aktioun de Ruff vum Här Isekin a sengem Mouvement geschiedegt gi wier.
Den 16. Oktober 2023 huet d'PARTEI ugekënnegt bei den EU-Walen 2024 unzetrieden, ënnert dem Motto: "D'EU endgülteg Splécken"[5]. Bei dësem Versuch goung et mat 174 vun de néidegen 250 Ënnerschrëften net duer fir eng Lëscht däerfen opzestellen[6].
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.