Omar Ontiveros
US-amerikanesche Foussballspiller From Wikipedia, the free encyclopedia
US-amerikanesche Foussballspiller From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Omar Ontiveros, gebuer de 15. Mee 1995 zu Pharr (Texas), ass e fréieren US-amerikanesche Foussballspiller.
Omar Ontiveros | |
---|---|
Gebuer | 15. Mee 1995 |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Foussballspiller |
Positioun oder Spezialitéit | Ofwierspiller |
Gréisst | 188 cm |
Famill | |
Geschwëster | Martin Ontiveros |
2015 hunn hien a säi Brudder Martin de Wee op Lëtzebuerg an d'Éierepromotioun fonnt,[1] den Omar goung bei den CS Gréiwemaacher, wou hie bis 2017, zwee Goler a 35 Matcher geschoss huet.[2] Säi Brudder Martin goung bei den RM Hamm Benfica.
Ier hien op Lëtzebuerg koum, hat hie fir de mexikanesche Club Santos Laguna gespillt, no sengen zwou Saisonen zu Maacher, goung hien zeréck an d'USA; bis 2018 huet hie fir den Rio Grande Valley FC Toros gespillt, a bis 2020 fir den LA Galaxy.
Seng Karriär koum de 25. September 2020 op en Enn, wéi d'US-Futtballfederatioun hie fir 10 Matcher gespaart huet, wéinst rassistesche Beleidegungen. Säi Club vu Los Angeles huet hien dunn direkt entlooss.[3]
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.