lëtzebuergesche Foussballspiller a Politiker From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Norbert Konter, gebuer de 14. Dezember 1927 zu Gréiwemaacher, a gestuerwen de 26. September 2018[1], war e lëtzebuergesche Foussballspiller a Politiker.
Norbert Konter | |
---|---|
Gebuer |
14. Dezember 1927 Gréiwemaacher |
Gestuerwen |
26. September 2018 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Foussballspiller |
Veräin/Ekipp | CS Gréiwemaacher |
Partei | CSV |
A senger berufflecher Karriär war hie vun 1960 bis 1987 Gemengereceveur[2].
Bei de Gemengewalen vun 1987 war hie Kandidat op der CSV-Lëscht an der Gemeng Gréiwemaacher. Hie gouf gewielt a krut d'Mandat vum Buergermeeschter dat hie vun 1988 bis 1999 hat. Donieft war hie vun 1989 bis 1999 Deputéierten an der Chamber.
An der Nokrichszäit war hie laang Golkipp beim CS Gréiwemaacher[3], vun deem e vun 1968 bis 1986 President war[4]. Vun 1986 bis 1998 war hie President vun der Lëtzebuerger Foussballfederatioun, a vun 1994 bis 1999 President vum SYVICOL.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.