lëtzebuergesche Pedagog an Auteur From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Norbert Mario Berens, gebuer den 29. Mee 1948 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Pedagog an Auteur.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Pedagog an Auteur Norbert Berens. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Berens. |
Norbert Berens | |
---|---|
Gebuer |
29. Mee 1948 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Saachbuchauteur, Erzéier, Schrëftsteller |
No der Primärschoul um Lampertsbierg a senger Première, Section latine, am Jongelycée huet hie säi Studium um deemolege Pedagogeschen Institut zu Walfer ofgeschloss. Duerno huet hie bis 1981 a verschiddene Stater Primärschoulen Schoul gehalen an a senger Fräizäit mat de Jongen am Erzéiungsheem zu Dräibuer geléiert. Hie gouf an de Jugendschutz delegéiert an huet sech och eng Zäit ëm Jonge gekëmmert, déi provisoresch fräi komm waren.
Vu Mëtt der 1970er Joren un huet hien a senger Klass als Alternativ zum Reliounsunterrecht, an zu der problematescher "drëtter Méiglechkeet", also enger schoulfräier Stonn, e reliounsneutralen Eethik-Cours gehalen. Dat war méiglech op Basis vum Artikel 23 vum Schoulgesetz vum 10. August 1912, deen et de Gemengenautoritéiten erlaabt huet, am Averständnes mat der Regierung en zousätzlecht Schoulfach anzeféiere wann déi lokal Ëmstänn dat erfuerderen.
Schonn no kuerzer Zäit huet d'Gemeng Lëtzebuerg dëse Cours an der ganzer Stad ugebueden. Aner Gemengen hu gefrot, de Programm iwwerhuelen ze däerfen, a sou huet de reliounsneutralen Eethik-Cours sech no an no am ganze Land verbreet[1].
Vum Schouljoer 1981-82 bis 1992-93 huet den Norbert Berens fir de Schouldéngscht vun der Stad Lëtzebuerg geschafft. Zu sengen Aarbechtskompetenzen hunn dunn ë. a. gehéiert:
1988 war den Norbert Berens Grënnungsmember vum Institut européen de développement des potentialités de tous les enfants (IEDPE), mat Sëtz zu Paräis, en internationaalt Institut dat mat Ënnerstëtzung vun der Europäescher Kommissioun a villen europäesche Länner funktionéiert huet. Vun 1988 bis 1994 war hien do Member vum Verwaltungsrot an huet sou un de Recherchen, den Innovatiounen an de Formatioune vum IEDPE aktiv matgeschafft.
Vun 1989 un huet hien zu Lëtzebuerg fir den Unterrechtsministère eng national Kommissioun geleet där hir Aufgab et war, didaktescht Material fir den EMS-Cours auszeschaffen. 1992 ass hien du ganz an den Unterrechtsministère gewiesselt.
Vun 1991 bis 2006 huet en des Weidere Coursen iwwer d'Pedagogie vun der Eethik gehalen; déi Formatioun huet sech um Ufank un dat aktiivt Léierpersonal, inklusiv d'Chargé-de-course geriicht; duerno huet den Norbert Berens och fir d'Pedagogiestudenten op der Héichschoul ISERP an duerno op der Fakultéit III vun der Universitéit Lëtzebuerg Cours gehalen, wou d'Pedagogie vum reliounsneutralen Eethikunterrecht zum Flichtfach gi war.
Nieft reegelméissege Bäiträg am Lëtzebuerger Journal a Kommentaren op Radio Lëtzebuerg huet den Norbert Berens och e puer Joer laang d'Kanner-Emissioun "Diabolo" op Radio Lëtzebuerg moderéiert.
Zanter 2000 verëffentlecht hie pedagogesch Bänn beim Auer Verlag zu Donauwörth an zanter 2011 och beim Brigg Pädagogik Verlag zu Augsburg.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.