Noen Infrarout
From Wikipedia, the free encyclopedia
From Wikipedia, the free encyclopedia
Als noen Infrarout (NIR) gëtt de Beräich vum elektromagnéitesche Spektrum genannt, dee sech a Richtung vu méi grousse Wellelängten un dat visuellt Liicht uschléisst. De Beräich vum Infraroutliicht streckt sech vu 780 nm bis 3 µm an ëmfaasst sou d'Spektralberäicher IR-A an IR-B.
Beim Feststellen op Distanz déngt dat not Infrarout ënner anerem bei der Analys vu Loft- a Satellittebiller fir d'Beuerteelung vun der Vitalitéit vun der Vegetatioun. Am noen Infrarout huet Chlorophyll eng däitlech, ongeféier 6-mol, méi héich Reflektivitéit wéi am visuelle (besonnesch grénge) Spektrum. Dësen Effet fir d'Erkenne vu Vegetatioun benotzt. Dobäi gëtt e Bild am visuellen (haaptsächlech am roude) Spektrum an am noen Infrarout gemaach. Notzobjeten hu souwuel am visuelle wéi och am noen Infraroutberäich eng änlech Reflektivitéit, wärend chlorophyllhalteg Vegetatioun am noen Infrarout en däitlech méi héije Reflexiounsgrad huet. Sou kënnen z. B. och gréng Notzobjete vun der grénger Vegetatioun ënnerscheet ginn.
Technesch gëtt dee Beräich an optesche Glasfasere benotzt fir Signaler z'iwwerdroen. En gëtt dofir an en ettlech Frequenzbänner ënnerdeelt.
Bezeechnung | Wellelängteberäich | Alternativ Bezeechnung | Bemierkungen |
---|---|---|---|
O-Band | 1260–1360 nm | original | Ufänglech Dateniwwerdroung bei minimaler Dispersioun vun der Gruppevitesse |
E-Band | 1360–1460 nm | extended | |
S-Band | 1460–1530 nm | short | |
C-Band | 1530–1565 nm | central | Déi klengst Dämpfung an enger Glasfaser |
L-Band | 1565–1625 nm | long | |
U-Band | 1625–1675 nm | ultra-long |
Medezinesch gëtt de Beräich vun ongeféier 700 bis 1100 nm wéinst der Transparenz vum opteschen Apparat an der Aentherapie (Ophthalmologie) souwéi bei der Diagnos (zum Beispill: Optesch Kohärenztomografie) wéi och bei der Chirurgie (zum Beispill: Uschweesse vun der Netzhaut) benotzt. Jee no Wellelängt ënnerscheet sech dobäi och d'Afléissdéift vun der Stralung.
An der Chimie an an der Astronomie ka mat Hëllef vun der Infraroutspektroskopie (Absorptiounsbänner) d'Existenz vu Moleküllen respektiv funktionelle Gruppen nogewise ginn, beispillsweis Azeton a Waasser respektiv CH- an OH-Gruppen.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.