Nicolas Kettel

lëtzebuergesche Foussballspiller From Wikipedia, the free encyclopedia

Den Nicolas Kettel oder Nic Kettel, gebuer de 17. Dezember 1925 zu Diddeleng, a gestuerwen de 7. Abrëll 1960 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Zwangsrekrutéierten[1], Foussballspiller an Olympionik.[2]

Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Nicolas Kettel
Gebuer 17. Dezember 1925
Diddeleng
Gestuerwen 7. Abrëll 1960
Lëtzebuerg
Doudesursaach Verkéiersaccident
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Stiermer
Veräin/Ekipp Stade Dudelange,
Stade Dudelange,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp
Huet matgemaach bei Olympesch Summerspiller 1948
Zoumaachen

Hien huet fir d'"Stade" zu Diddeleng a bei de Young Boys zu Dikrech gespillt a 57 Matcher an der lëtzebuergescher Foussballnationalekipp.[3]

Hie war bei den Olympesche Spiller 1948 zu London dobäi an huet beim Match Lëtzebuerg - Jugoslawien (1-6) matgespillt.[4]

Hien ass de 7. Abrëll 1960 duerch en tragescht Autosaccident gestuerwen, an dem och den Nico Reiff an den Nico Schlesser ëm d'Liewe komm sinn.[5]

Kuckt och

Referenzen

  1. Fédération des enrôlés de force - Nicolas Kettel. www.ons-jongen-a-meedercher.lu. Gekuckt de(n) 24.06.2023.
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.