From Wikipedia, the free encyclopedia
Narzissmus kënnt als Begrëff aus dem Griicheschen, an ass op déi griichesch Seeërchersgestalt Narziss zeréckzeféiren, déi sech an hiert eegent Spigelbild verléift hat.
Narzissmus ass an der Psychopathologie Synonym fir Eegeléift, vu sech selwer ageholl sinn, wat d'Schéinheet ubelaangt, eng iwwerdriwwen Hiwendung zum eegene Kierper a gëtt als Deviatioun an/oder als sexuelt Feelverhalen ugesinn, dat ënner gewëssen Ëmstänn pathologesch Auswierkunge kréie kann.
Am sexuelle Kontext gëtt déi krankhaft erweidert Form vum Narzissmus och nach Autoerotismus oder narzisstesch Neuros bezeechent. Déi Betraffe kënne nëmmen nach sech selwer schéi fannen a gär hunn an och nëmme mat sech selwer eng sexuell Erfëllung duerch Masturbatioun (am léifste virun engem Spigel) oder duerch aner Stimuléierungen (Heemelen, Kleederfetichismus...) erfueren. Dat geet sou wäit, dat hien oder hatt keng aner Persoun méi als Sexualobjet akzeptéiert an och mat kenger anerer Persoun méi ka sexuellen Kontakt hunn oder en erdroen. Narzissmus ass heefeg begleet vu manesch-hysteresche Momenter an endegt schlëmmstefalls an der totaler Isolatioun verbonne mat enger déiwer Depressioun.
Am Kandsalter ass e gesonden Narzissmus hëllefräich fir den eegene Kierper z'erfuerschen an déi éischt bewosst, mä nach ondefinéieret libidinéis Erfarungen ze sammelen. Déi Perioden, déi de Freud als narzisstesch Etapp an der sexueller Entwécklung bezeechent huet, gëtt herno vun enger zweeter Etapp ofgeléist, bei där sech d'Libido op aner Persoune riicht.
| |||
Agdistis - Amourohilie - Androgyn - Geschlechtsorganer bei der Fra - Geschlechtsorganer beim Mann - Hermaphroditos - Heteromorphie - Heterosexualitéit - Homosexualitéit - Libido - Masturbatioun - Narzissmus - Phenotyp - Pornographie - Salmakis - Sex - Sexualitéit - Sexualpedagogie - Transgender - Zwitter |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.