From Wikipedia, the free encyclopedia
De Musée vun der Karikatur a vum Cartoon ass e Musée, dee sech ganz der humoristescher Zeechekonscht verschreift. Hien heescht op Franséisch Musée de la caricature et du cartoon de Vianden an op Englesch Museum of Caricature & Cartoon Vianden.
Op 300 m2 iwwer 3 Stäck gi permanent a temporär Ausstellunge vu Karikaturen, Comics a Cartoons gewisen. Zil ass et, fir déi international an national Geschicht vun der Karikatur duerzestellen a fir déi grouss Meeschtere vun der zäitgenëssescher Karikatur virzestellen. E riicht sech souwuel un de Grand-public wéi och u Spezialisten. Geféiert Visitten an Ateliere gi fir Schüler a Studenten ofgehalen.
De Musée huet am Juli 2008 seng Dieren op Nummer 48 vun der Groussgaass zu Veianen fir de Public opgemaach, am Haus[1] vum fréiere Buergermeeschter vu Veianen, dem Abense Vic. D'Initiativ fir dëse Musée geet vum rumänesche Karikaturist Florin Balaban aus, deen d'Haus kaaft an ageriicht huet.
Éier de Musée seng Dieren opgemaach huet gouf e schonn ausgezeechent: hie krut de 17. Juli 2008 eng Mentioun beim DEXIA/ONT-Präis vun der Innovatioun am Tourismus[2].
Musée de la caricature et du cartoon de Vianden
48, Grand-rue
L-9410 Vianden
Ëffnungszäiten:
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.