Remove ads
Gebai zu Esch-Uelzecht From Wikipedia, the free encyclopedia
Dat sougenannt Mousset-Haus zu Esch-Uelzecht ass dat Haus, an deem de Moler Eugène Mousset bis zu sengem Doud gelieft huet. Et gouf 1905 gebaut[1] a steet op Nummer 163 an der Lëtzebuerger Strooss zu Esch-Uelzecht.
D'Mousset-Haus | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Plaz | Esch-Uelzecht |
Adress | 163, rue de Luxembourg |
Koordinaten | 49° 30’ 00’’ N 05° 59’ 00’’ O |
Statut | klasséiert (Zousazinventaire) |
Datum vum Bau | 1905 |
Proprietär | Stad Esch |
Am Haus sinn um Rez-de-chaussée zwou Molereien um Plaffong an ë. a. 18 Biller vum Mousset. Aus deem Grond ass et de 17. September 2001 als Inventaire supplémentaire op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter opgeholl ginn.[2]
Nodeem et jorelaang eidel stoung a lues a lues delabréiert ass, huet d'Stad Esch, an där hirem Besëtz et ass, 2010 decidéiert, et renovéieren ze loossen an de Service culturel vun der Gemeng dran z'etabléieren.[3] D'Haus ass fir d'Ëffentlechkeet zur Zäit bei besonnesche Geleeënheeten op, wéi d'Nuit de la culture de 4. Mee 2013 an d'Porte Ouverte d'Automne den 29. September 2013.
Commons: Maison Mousset Esch-sur-Alzette – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.