Mel Brooks

amerikanesche Komiker From Wikipedia, the free encyclopedia

Mel Brooks

De Mel Brooks, gebuer den 28. Juni 1926 am New Yorker Quartier Brooklyn, mam richtegen Numm Melvin Kaminsky, ass en US-amerikanesche Komiker, Schauspiller, Regisseur, Theaterproduzent an Dréibuchauteur.

Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
Mel Brooks
Thumb
Gebuertsnumm Melvin Kaminsky
Gebuer 28. Juni 1926
Nationalitéit USA
Educatioun Abraham Lincoln High School,
Brooklyn College
Aktivitéit Schauspiller, Filmschauspiller, Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Komponist, Synchronspriecher, Schrëftsteller, Theaterproduzent, Militär, Televisiounsproduzent, Liddertexter, Televisiounsschauspiller, Journalist, Librettist, Theaterschauspiller, Regisseur, Dramatiker, Komiker, Kameramann, Liddermécher
Member vun American Academy of Arts and Sciences, WGA West
Gielercher Oscar fir dat bescht Originaldréibuch, Kennedy-Präis, Stär um Hollywood Walk of Fame, Éierenoscar, Peabody Award
Famill
Bestuet mat Anne Bancroft
Zoumaachen
Thumb
De Mel Brooks (1984).

Hien ass virun allem bekannt fir seng verfilmt Parodien op Filmer mat groussem kommerzielle Succès oder op Filmgenren.

De Mel Brooks huet als Stand-up-Komiker ugefaangen, gouf da Sketch-Auteur fir de Sid Cesar, an hat vun 1965 un eege lëschteg Emissiounen op der Televisioun.

1968 huet hie säin éischte Film gedréint, fir deen en och d'Dréibuch geschriwwen hat, dat him en Oscar abruecht huet: The Producers, e Kaméidisstéck, an deem Theaterproduzente probéieren, u Sue vun hirer Assurance ze kommen, andeems s'express en onméiglech schlechte Musical iwwer den Hitler opféieren, dat dann awer onerwaart e Risesuccès gëtt. De Film selwer war och e grousse Succès, a gouf 2001 an enger Musicalversioun um New Yorker Broadway opgefouert.

Nom The Twelve Chairs huet hien eng Parodie op Western (Blazing Saddles) an Horrorfilmer (Young Frankenstein) gedréint, dono och op Hitchcock-Filmer (High Anxiety), Science-Fiction- (Spaceballs), Robin-Hood- (Robin Hood: Men in Tights) oder Dracula-Filmer (Dracula: Dead and Loving It). Hien huet och e Remake vum Ernst Lubitsch sengem To Be or Not To Be realiséiert.

Nieft eegene Filmer huet de Mel Brooks och där vun anere Regisseure produzéiert, z. B. dem David Lynch säin The Elephant Man.

Hie war vun 1964 bis zu hirem Doud, 2005, mat der Schauspillerin Anne Bancroft bestuet.

Filmographie

als Regisseur

  • 1968: The Producers
  • 1970: The Twelve Chairs
  • 1974: Blazing Saddles
  • 1974: Young Frankenstein
  • 1976: Silent Movie
  • 1977: High Anxiety
  • 1981: History of the World, Part I
  • 1987: Spaceballs
  • 1991: Life Stinks
  • 1993: Robin Hood: Men in Tights
  • 1995: Dracula: Dead and Loving It

Literatur

  • Peter W. Jansen, Christa Maerker et al: Mel Brooks. In: Peter W. Jansen, Wolfram Schütte (Hrsg.): Woody Allen - Mel Brooks. [Reihe Film Band 21]. Carl Hanser, München und Wien 1980, ISBN 3-446-12854-9

Um Spaweck

Commons: Mel Brooks – Biller, Videoen oder Audiodateien
Loading related searches...

Wikiwand - on

Seamless Wikipedia browsing. On steroids.