McDonnell Douglas MD-80
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'McDonnell Douglas MD-80 ass een zweestralege Fliger vum US-amerikanesche Fligerbauer McDonnell Douglas. D'MD-80 gouf 1.191-mol gebaut an ass domat deen erfollegräichste Fliger vu McDonnell Douglas.

Geschicht
An den 1970er Joren huet den US-amerikanesche Fligerhiersteller Douglas Aircraft Company eng gestreckt Versioun vun der Douglas DC-10 geplangt. No der Fusioun mat der McDonnell Aircraft Corporation goufen déi Pläng a Form vun der MD-80 verwierklecht. 1980 goufen déi éischt Maschinne vun der Versioun MD-81 un d'Swissair an d'Austrian Airlines ausgeliwwert.
Nodeem Boeing mat der 737-300 en änleche Fliger op de Maart bruecht huet dee méi effizient war, koum kuerz duerno d'MD-87 eraus. E puer Joer drop huet Airbus mam A320 ee weidere Konkurrent fir d'MD-80 op de Maart bruecht. Trotz där Konkurrenz konnt d'MD-80 awer gutt mathalen a gouf bis 1999 produzéiert.
Den Nofollger MD-90 konnt net un den Erfolleg vun der MD-80 uknëppen.
Remove ads
Versiounen
- MD-81: Grondversioun vun der MD-80 mat Plaz fir 172 Passagéier
- MD-82/-88: méi schwéier Versioun mat méi grousser Reechwäit
- MD-83: nach emol méi schwéier wéi d'MD-82, méi modernen Ekipement
- MD-87: ëm 4,50m gekierzt Versioun mat Plaz fir 139 Passagéier
Technesch Daten
Um Spaweck
Commons: McDonnell Douglas MD-80 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads