From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Boeing 737 ass de meeschtgebauten ziville Passagéierfliger. E gëtt vum US-amerikanesche Fligerbauer Boeing mëttlerweil an der drëtter Generatioun produzéiert.
Wéi sech an de 60er Joren en neie Maart vu klenge Kuerzstreckefligeren opgedoen huet, huet Boeing mat dem Entwécklungsprogramm vun der 737 den 19. Februar 1965 ugefaangen, allerdéngs nom éischte Fluch vun de Konkurrente BAC 1-11 an Douglas DC-9. Fir de Réckstand opzehuelen huet Boeing vill Technik aus hire Modeller B707 a B727 benotzt.
Déi éischt Boeing 737, eng 737-100, hat hiren éischte Fluch den 9. Abrëll 1967 a gouf ee Joer méi spéit un déi däitsch Fluchgesellschaft Lufthansa ausgeliwwert.
An den 80er Jore gouf d'737 fir d'éischt Kéier nennenswäert geännert. Sou goufe méi effizient Turbinnen agebaut an d'Kabinn an de Cockpit goufe moderniséiert. Déi éischt 737-300 huet 1984 hiren Déngscht opgeholl.
Mam Airbus A320 krut Boeing dunn een neie Konkurrent, deen ee gutt Stéck méi modern an effizient ass. Dëst huet zu der Entwécklung vun der 737-X gefouert, déi spéider "Next Generation" genannt gouf.
Boeing plangt fir fréistens 2015 en Nofollger vun der 737 op de Maart ze bréngen.
Kenngréisst | 737-100 | 737-200 | 737-300 | 737-400 | 737-500 | ||
---|---|---|---|---|---|---|---|
Längt: | 28,65 m | 30,53 m | 33,40 m | 36,40 m | 31,01 m | ||
Spannwäit: | 28,35 m | 28,88 m | |||||
Rumpfduerchmiesser: | 3,76 m | ||||||
Passagéier: | 85-99 | 96-133 | 123-149 | 146-162 | 103-122 | ||
Max. Startgewiicht: | 49.940 kg | 58.100 kg | 61.250 kg | 62.820 kg | 52.400 kg | ||
Reesgeschwindegkeet: | 917 km/h | 907 km/h | |||||
Minimalgeschwindegkeet: | 175 km/h | ||||||
Fluchräichwäit bis zirka: | 3.440 km | 4.200 km | 4.400 km | 5.000 km | 5.200 km | ||
Éischte Fluch: | 9. Abr. 1967 | 8. Aug. 1967 | 24. Feb. 1984 | 19. Feb. 1988 | 30. Jun. 1989 | ||
Andéngschtstellung: | 10. Feb. 1968 Lufthansa | 28. Apr. 1968 United Airlines | 28. Nov. 1984 US Airways | 15. Sep. 1988 Piedmont Airlines | 28. Feb. 1990 Southwest Airlines | ||
Turbinnen: | Zwou Pratt & Whitney JT8D | Zwou CFM International CFM56 |
737 Next Generation (Nei Baurei)
Kenngréisst | 737-600 | 737-700 | 737-800 | 737-900 | 737-900ER (extended range) |
---|---|---|---|---|---|
Längt: | 31,24 m | 33,63 m | 39,47 m | 42,11 m | |
Spannwäit: | 34,30 m | ||||
Rumpfduerchmiesser: | 3,76 m | ||||
Passagéier: | 110-132 | 126-149 | 162-189 | 175-189 | 180-215 |
Max. Startgewiicht: | 65.150 kg | 69.400 kg | 79.010 kg | 79.016 kg | 83.627 kg |
Reesgeschwindegkeet: | 852 km/h | ||||
Minimalgeschwindegkeet: | 330 km/h | ||||
Fluchräichwäit: | 4.000 bis 7.200 km | 3.980 bis 7.630 km | 3.790 bis 6.650 km | 3.630 bis 6.660 km | 3.500 bis 6.500 km |
Éischte Fluch: | 22. Jan. 1998 | 9. Feb. 1997 | 31. Jul. 1997 | 3. Aug. 2000 | 1. Sep. 2006 |
Andéngschtstellung | Aug. 1998 SAS | Okt. 1997 Southwest Airlines | 24. Abr. 1998 Hapag Lloyd | 15. Mee 2001 Alaska Airlines | 27. Abr. 2007 Lion Air |
Turbinnen: | Zwou CFM International CFM56 |
Commons: Boeing 737 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.