Mathias Martin (Architekt)
lëtzebuergeschen Architekt an Auteur From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
De Mathias Martin, gebuer de 27. November 1882 zu Welschent, a gestuerwen den 8. November 1943 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergeschen Architekt an Auteur.
De Mathias Martin huet no der Primärschoul eng Léier als Steemetzer an Zammermann gemaach; seng Secondairesstudien huet hien an der Handwierkerschoul ofgeschloss.
1901 war hien Zeechner an engem lëtzebuergeschen Architektebüro ier hien duerno fir dräi Joer zu Metz an enger Baufirma geschafft huet fir déi hien am haitegen Amnéville (deemools Stahlheim) de Bau vu Wunnhaiser iwwerwaacht huet. Zur selwechter Zäit war hien och an der Kënschtlerkolonie zu Darmstadt a Course beim Joseph Maria Olbrich ageschriwwen.
1906 huet de Mathias Martin den Architekteconcours fir den Neesopbau vun de Gebaier vun der Händschefabréck an der Giewerei Reinhard am Gronn gewonnen.
Als Autodidakt krut hien 1931 den Titel Architekt-Entreprener, nodeems hien eng Zäit an England an och an Holland geschafft hat.
Als Auteur huet de Mathias Martin eng Rei vun Erzielungen op däitsch geschriwwen, dëst mam Zil vun enger patriotescher Erzéiung. Hien hat och eng Serie vun 8 Bicher mat historeschen Erzielungen ugefaangen. D'Bicher mam Titel „Von 10.000 jähriger Heimaterde“ goufen awer net all verëffentlecht[2]
Remove ads
Wierker an der Stad Lëtzebuerg
Garer Quartier
- ëm 1908: Villa Clivio, Goethe-Srooss
- 1910: Haus 10, Nei Avenue
- 1923: Villa Pauly, boulevard de la Pétrusse
- 1926: Hotel Carlton, Dicks-Strooss
- 1935: Haus 68 Stroossbuerger-Strooss
- Villa Pier, Goethe-Srooss
Uewerstad
- 1913: Ciné de la Cour, Waassergaass
Belair
- 1923: „Maison Bel-Air“, avenue Gaston Diderich
- Haiser 38 a 40, rue Albert 1er
Biller
- Villa Clivio (2013)
- Haus 10 Avenue de la Liberté (2015)
- Villa Pauly (2014)
- Fréieren Hotel Carlton (2015)
- Haus 68, Stroossbuerger-Strooss (2015)
- Haus Bel-Air (2015)
- Haus 38, rue Albert 1er (2015)
- Haus 40, rue Albert 1er (2015)
Bibliographie
- Luxemburger Burgenbuch I. Vom Bau der ersten Burgen im Land. Die Kaiserlichen vor Burscheid (1025), 1937
- Luxemburger Burgenbuch II. 1413. Die Ritterrevolution und die erste grosse Burgenzerstörung im Land, 1938
Literatur
- Phillppart, Robert L.. Mathias Martin. Visionaire de l'art nouveau. Lëtzebuerg, 1989, Ss. 14-15
- Caregari, Luc. Mathias Martin. "Nulla Dies Sine Linea" in: Ons Stad Nr 95 vun 2010, Ss. 38-41 (Link op d'pdf-Dokument)
- Philippart, R., 2007. Luxembourg. Historicisme et identité visuelle d'une capitale. 207 S. éditions saint-paul. ISBN 978-2-87963-694-8, S. 139
- Claude D. Conter: Mathias Martin. In: http://www.autorenlexikon.lu/page/author/449/4491/DEU/index.html 07.01.2014
Remove ads
Um Spaweck
| Commons: Mathias Martin – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
- Informatioun zum Doud vum Mathias Martin am Escher Tageblatt vum 12. November 1943 op der Säit 6 Archivéiert den 09.10.2020. Gekuckt de 15.02.2014.
- Josiane Kartheiser „Zwei Jahrhunderte Lesespaß für kleine Leute“ an Ons Stad Nr. 73/2003, Säit 20 (PDF)
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads