lëtzebuergesch Politikerin From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Martine Kemp, gebuer den 8. Juli 1994[1] an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Europapolitikerin (CSV).
Martine Kemp | |
---|---|
Gebuer |
8. Juli 1994 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun |
École privée Fieldgen, Universitéit Wien, Technesch Universitéit Darmstadt |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | CSV |
Fonctioun | Europadeputéierten, Europadeputéierten |
Famill | |
Geschwëster | Françoise Kemp |
No hirer Première um Fieldgen huet si op der Uni vu Wien e Bachelor a Sozialwëssenschaft gemaach an duerno op der Technescher Universitéit zu Darmstadt e Master als Verkéiersingenieur[2].
Si huet zanter 2021 bis zum Moment vum Wiessel an d'EU-Parlament fir de Service Circulation vun der Stad Lëtzebuerg geschafft, eng Plaz, dee se wéinst Inkompabilitéit mat hirem Mandant huet missen opginn.[3]
D'Martine Kemp gouf mat 16 Joer Member vun der Chrëschtlech Sozialer Jugend (CSJ), wou si 2023 Vizepresidentin ass. Si ass och Sekretärin vun der CSV fir international Affären.[4]
Bei de Wale fir d'Europäescht Parlament am Joer 2019 war si déi Drëttgewielt op der Lëscht vun der CSV an déi Fënneftgewielt am Ganzen (si krut 39.654 Stëmmen)[5], gouf awer net direkt an d'Europäescht Parlament gewielt. Si ass dunn de 24. Oktober 2023 fir de Christophe Hansen als eng vun de sechs Lëtzebuerger Europadeputéiert an d'EU-Parlament nogeréckelt, nodeems den Hansen säin Europamandat néiergeluecht hat, well hien als Kandidat bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 am Bezierk Norden an d'Chamber gewielt gi war[6].
Nodeems si bei den Europawalen 2024 net direkt erëmgewielt gouf, goung si zeréck bei d'Stad schaffen, bis se den 2. Dezember 2024 op en neies Europadeputéiert gouf, andeems s'alt nees fir de Christophe Hansen nogeréckelt ass, deen een Dag éischter Member vun der Europäescher Kommissioun gi war[7],[8].
Si ass d'Sëschter vun der Françoise Kemp.[9]
Commons: Martine Kemp – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.