From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Maria Theresia vun Éisträich, gebuer den 13. Mee 1717 zu Wien, an do gestuerwen den 29. November 1780, war Äerzherzogin vun Éisträich (1740 - 1780), Kinnek[1],[2] vun Ungarn (1741 - 1780), a Kinnigin vu Béimen (1743 - 1780).
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Äerzherzogin a Kinnigin vun Ungarn a Béimen. Fir aner Persoune mam Titel Maria Theresia vun Éisträich, kuckt wgl. Maria Theresia vun Éisträich (Homonymie). |
Maria Theresia vun Éisträich | |
---|---|
Titelen | |
Virgänger | Karl VI. |
Nofollger | Joseph II. |
Biographie | |
Gebuer |
13. Mee 1717 Hofburg |
Gestuerwen |
29. November 1780 Wien |
Bestuet mat | Franz I. Stephan |
Papp | Karel VI. |
Mamm | Elisabeth Christine vu Braunschweig |
Kanner | Joseph II., Leopold II. (HRR), Maria Karolina vun Éisträich, Marie-Antoinette vun Éisträich |
Obschonn dacks als Keeserin genannt, war d'Maria Theresia nimools Keeserin vum Hellege Réimesche Räich.
Si war déi eelst Duechter vum Karl VI. (1685 - 1740). Hire Brudder Leopold (*1716), den eenzege männlechen Trounfolger, ass 1716 gestuerwen. Doduerch huet si, nom Doud vum Karl VI. (1740), sämtlech Herrschafte vun den Habsburger geierft. Dat war och de Grond fir den éisträicheschen Ierffollegkrich.
1736 ass si mam François III., Herzog vu Loutrengen, (1708 zu Nanzeg - 1765 zu Innsbruck), bestuet ginn. Doduerch ass d'Linn Habsburg-Loutrengen entstanen an de François III. gëtt als Franz I. Stephan 1745 zum Keeser gewielt. Vun deem Moment un huet d'Maria Theresia sech och als Réimesch Keeserin betitelt.
D'Maria Theresia hat 16 Kanner (11 Meedercher, 5 Jongen):
Commons: Maria Theresia vun Éisträich – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Virgänger: Karl III. | Kinnigin vun Ungarn 1740 - 1780 | Nofollger: Joseph II. |
Virgänger: Karl Albrecht | Kinnigin vu Béimen 1743 - 1780 | Nofollger: Joseph II. |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.