Maria Teresa Mestre
Groussherzogin vu Lëtzebuerg From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
D'Maria Teresa Mestre, gebuer den 22. Mäerz 1956 zu Marianao an der Stad a Provënz Havanna op Kuba, ass d'Fra vum Groussherzog Henri vu Lëtzebuerg an huet den Titel "Groussherzogin vu Lëtzebuerg".
Remove ads
Si ass d'Duechter vum José Antonio Mestre (1926-1993) an der Maria Teresa Batista-Falla de Mestre (1928-1988). Si huet mat hiren Elteren no der Kubanescher Revolutioun am Oktober 1959 d'Land verlooss a si sinn op New York geplënnert. E puer Joer duerno si se op Genf geplënnert, wou d'Maria Teresa 1975 hiert Abitur gemaach huet, an 1980 e Studium a Politikwëssenschaft ofgeschloss huet.
Hir Mammesprooch ass Spuenesch, si schwätzt nach Lëtzebuergesch, Englesch, Franséisch, Däitsch an Italieenesch.
Hire Mann, den Henri vu Lëtzebuerg, deen deemools Ierfgroussherzog war, huet si an der Zäit vun hirem Studium zu Genf kennegeléiert.
D'Koppel gouf de 14. Februar 1981 bestuet a si hu fënnef Kanner.
Zanter dem 7. Oktober 2000, dem Dag op deem den Henri vu Lëtzebuerg als Groussherzog vereedegt gouf, dréit si den Titel "Groussherzogin vu Lëtzebuerg".
Remove ads
- Gabriel (* 12. Mäerz 2006), Jong vum Prënz Louis an der Ex-Prinzessin Tessy
- Noah (* 21. September 2007), Jong vum Prënz Louis an der Prinzessin Tessy
- Amalia (* 15. Juni 2014), Duechter vum Prënz Felix an der Prinzessin Claire
- Liam (* 28. November 2016), Jong vum Prënz Felix an der Prinzessin Claire
- Charles (* 10. Mee 2020), Jong vum Ierfgroussherzog Guillaume a senger Fra Stéphanie
- François (* 27. Mäerz 2023), zweete Jong vum Ierfgroussherzog Guillaume a senger Fra Stéphanie
Remove ads
- Zanter 1997 ass d'Maria Teresa UNESCO-Botschafterin vum gudde Wëllen.
- Zanter Ufank 2005 ass si Presidentin vum Lëtzebuerger Roude Kräiz
- Am September 2021 krut si vun der UNO den Titel Championne de la lutte contre les violences sexuelles liées aux conflits.[1][2]
Kuckt och
Literatur
- Stéphane Bern, Grande Duchesse du Luxembourg, 2021, Un amour souverain, 40 ans au service du Luxembourg, Albin Michel, 160 S. ISBN 978-2-226-45877-3
Um Spaweck
Commons: Maria Teresa Mestre – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Säit op www.gouvernement.lu
- D'Grande-Duchesse op der Websäit "monarchie.lu"
- Websäit "grande-duchesse.lu
Referenzen
- L'ONU s'allie avec une Championne dans la lutte contre les violences sexuelles liées au conflit. Gekuckt de(n) 13. September 2021.
- Remise du titre "Championne de la lutte contre les violences sexuelles liées aux conflits". Gekuckt de(n) 14. September 2021.
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Remove ads