Maria Gleit
däitsch Schrëftstellerin a Journalistin From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
däitsch Schrëftstellerin a Journalistin From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Maria Gleit, mam richtegen Numm Hertha Gleitsmann, gebuer den 28. Februar 1909 zu Crimmitschau an Däitschland, gestuerwen den 9. Juli 1981 zu Locarno an der Schwäiz, war eng däitsch Schrëftstellerin a Journalistin.
Maria Gleit | |
---|---|
Gebuer | 28. Februar 1909 |
Gestuerwen |
9. Juli 1981 Locarno |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Journalist, Schrëftsteller |
D'Hertha Gleitsmann huet vu 15 Joer un als Sekretärin fir d'Sächsisches Volksblatt zu Zwickau geschafft, wou se och geleeëntlech ënner dem Schrëftstellerpseudonym Maria Gleit Gedichter a Märercher op der Kannersäit publizéiert huet. Do huet si de Journalist Walther Victor, hire spéidere Mentor a Mann, kennegeléiert. Wéi hien 1932 zu Berlin eng Plaz als Feuilleton-Chef beim 8-Uhr-Abendblatt zu Berlin krut, ass si mat him dohi geplënnert. Och do huet si als Redaktiounssekretärin geschafft an huet geleeëntlech op der Fraesäit Gedichter, Theaterrezensiounen a Literaturkritike publizéiert.
Nodeem d'Nationalsozialisten un d'Muecht komm waren, huet de Victor, deen an de Jore virdru géint si geschriwwen huet, missen ënnerdauchen, a sou sinn déi zwee 1934 op Reichenau wunne gaangen.
1935 hunn d'Nazien erausfonnt, wou de Walther Victor, deem se "verbotene Betätigung" (Journalismus) a "rassenschänderisches Zusammenleben" virgeworf hunn, sech verstoppe géif, an hien ass an d'Schwäiz geflücht. 1936 ass d'Maria Gleit him nogaangen, a si hu sech zu Menusio, um Lago Maggiore, néiergelooss. An der Zäit bis 1938 huet d'Maria Gleit eng Rëtsch Romaner, Kannerbicher an Erzielunge geschriwwen. Do dernieft huet se fir verschidden Zeitungen, dorënner d'Escher Tageblatt, Rezensiounen an Artikele fir Anniversairë vu literaresche Perséinlechkeete geschriwwen.
D'Koppel konnt sech sou am Exil eleng mam Schreiwen iwwer Waasser halen, och wa s'allen zwee geklot hunn, se kéinten dowéinst net déi "déif" literaresch Aarbechte maachen, déi se gär schreiwe wéilten.
Am Juli koum hiert Kand Vito op d'Welt, a se huet sech doropshi mam Victor zu London bestuet.
1938 huet d'Schwäiz hir Openthaltserlaabnes net méi verlängert, a si ass mam Walther Victor op Lëtzebuerg wunne gaangen, wou de Victor gutt Kontakter mam Hubert Clément, dem Direkter vum Tageblatt a Buergermeeschter vun Esch-Uelzecht, hat. Si haten eng Openthaltserlaabnes fir just 3 Deeg, sinn awer schlussendlech bal 1 Joer zu Lëtzebuerg bliwwen. D'Maria Gleit huet, wéi hire Mann, fir d'Tageblatt an d'A-Z Luxemburger Illustrierte geschriwwen, meeschtens Feuilleton, dorënner, an der A-Z, eng Serie iwwer Fraeportraiten, mä och e Fortsetzungsroman Kleine Liebe in St. Moritz.
Hiert Kannerbuch Su Tu Sai führt Krieg gouf 1939 op Englesch adaptéiert, an hat e grousse Succès an England, a gouf dat Joer drop och an aner Sproochen iwwersat.
Am Summer 1939, wéi se sech zu Lëtzebuerg net méi virun den Nazie sécher gefillt huet, ass si mat hirer Famill op Paräis geplënnert, wou se e Visum fir 6 Méint kruten, fir dann op Martinique virunzefueren. Hiert Zil waren awer zanter 1938 d'USA. Vu Paräis aus huet si weider Artikele fir d'Tageblatt an d'A-Z geschriwwen, mä och fir d'Pariser Tageszeitung, eng Zeitung fir däischsproocheg Emigranten.
Am Februar 1940 krut se hir däitsch Nationalitéit entzunn, well se géint d'Nürnberger Gesetzer verstouss hat. Mat Hëllef vun hire Bezéiungen zu Lëtzebuerg konnt si, wéi och hire Mann, dee schonn 1939 ausgebiergert gi war, de sougenannten Nansen-Pass fir Apatride kréien.
Nom Däitschen Iwwerfall, am Mee/Juni 1940, ass si mat hirem Kand op Montauban fortgelaf, hire Mann war an en Auslänner-Lager komm, konnt sech vun do awer och bis op Montauban duerchschloen. Vu Marseille aus hu se e Visa fir Amerika kritt, wuer se, iwwer Spuenien a Portugal, de 4. Oktober vu Lissabon aus, hifuere konnten. Mam selwechte Schëff waren ë. a. och de Franz Werfel, de Lion Feuchtwanger an den Heinrich Mann an d'USA gefuer.
Déi éischt Jore waren net einfach fir d'Maria Gleit, si huet just geleeëntlech Feuilletone an New-Yorker Exilzeitunge geschriwwen, mä war soss kierperlech a psychesch geschwächt, ë. a., wéinst de Strapaze vu virdrun, wéinst dem Kand dat vill Opmierksamkeet gefuerdert huet an och, well se hir Mamm huet missen an Europa zeréckloossen. Hire Mann huet mat Feuilleton-Schreiwen a geleeëntleche Recherchen (dorënner fir de Victor Bodson) d'Famill probéiert iwwer Waasser ze halen, heiansdo huet en als Hëllefsaarbechter an enger Pelzfabréck geschafft, fir d'Enner beieneen ze kréien.
Eréischt vun 1943 un gouf si nees méi produktiv, wéi hire Jong bis an d'Schoul goung. Se huet en éischt Kannerbuch op Englesch mam Titel Pierre Keeps Watch geschriwwen an als Sekretärin an enger Literatur-Agence geschafft. Tëscht 1944 an 1949 koume 4 Kanner- a Jugendbicher vun hir am Verlag Charles Scribner's Sons eraus. Zwee dovun, Pierre Keeps Watch a Katrina (1945), spillen am vun den Nazië besate Frankräich, respektiv Lëtzebuerg, an erziele wéi Kanner sech dogéint gewiert hunn.
1947 huet si sech vum Walther Victor getrennt: hien hat sech ni richteg (weeder berufflech nach kulturell) an Amerika aliewe kënnen a wollt nees an Däitschland hannescht; d'Maria Gleit ass am neie Land besser eens ginn, a wollt näischt méi mat Däitschland ze dinn hunn.
Si huet sech 1950 nees mat engem Schwäizer Geschäftsmann nei bestuet, an ass 1950 mat him an d'Schwäiz gaangen.
Ausser e puer Feuilletonen huet si näischt méi geschriwwen.
Si huet sech am Summer 1981 d'Liewe geholl.
Dësen Artikel baséiert gréisstendeels op der Anke Heimbek hirer Aarbecht "'Schreiben kann man überall'..." (2002).
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.