Franz Werfel
From Wikipedia, the free encyclopedia
Remove ads
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Franz Viktor Werfel, gebuer den 10. September 1890 zu Prag, dunn an Éisträich-Ungarn, a gestuerwen de 26. August 1945 zu Beverly Hills, a Kalifornien, war en éisträichesche Schrëftsteller vu jidesch-dätschbéimeschen Originnen.
Franz Werfel | |
---|---|
Gebuer |
10. September 1890 Prag |
Gestuerwen |
26. August 1945 Beverly Hills |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | Éisträich-Ungarn, USA |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Dichter, Dramatiker, Dréibuchauteur, Science-Fiction-Schrëftsteller |
Famill | |
Bestuet mat | Alma Mahler-Werfel |
Liewenspartner(in) | Alma Mahler-Werfel |
Hie war Che fe file vum lyreschen Expressionismus. An den 1920er an 1930er Jore ware seng Bicher Bestseller. Besonnesch seng Erzielungen an Theaterstécker ware populär, och wann de Werfel selwer seng Lyrik fir méi wichteg gehalen huet. Mat sengem Roman Verdi. Roman der Oper (1924) gouf hien ee vun de Protagoniste vun der Verdi-Renaissance an Däitschland. Besonnesch bekannt gouf säin historesche Roman an zwéi Bänn Die vierzig Tage des Musa Dagh 1933/47 (iwwer den Armeenesche Genozid) an Das Lied von Bernadette vun 1941.
Hien hat laang eng Liaisoun mat der Alma Mahler, der Wittfra vum Gustav Mahler an dono Fra vum Walter Gropius. 1938 si si nom Anschluss vun Éisträich duerch Hitler-Däitschland a Südfrankräich, a vun do 1940 iwwer Spuenien a Portugal an d'Vereenegt Staate vun Amerika an den Exil gaangen, vu wou hien 1941 d'Nationalitéit krut.
Commons: Franz Werfel – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.