Remove ads
lëtzebuergesch Politikerin (DP) From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Maggy Nagel, gebuer de 25. August 1957[1] an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Politikerin (DP).
Maggy Nagel | |
---|---|
Gebuer |
25. August 1957 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Universitéit Göttingen |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | Demokratesch Partei |
Si war vum 4. Dezember 2013 bis de 16. Dezember 2015[2] Ministesch fir Kultur a Logement an der Regierung Bettel-Schneider. Virdru war si vun 1996 bis 2013 Buergermeeschtesch vun der Gemeng Munneref.
Si war vun 1999 bis 2004 als Deputéiert an der Chamber[3] a gouf duer bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 erëmgewielt. Gläich drop huet si op hiert Deputéiertemandat verzicht, fir Kultur- a Logementsministesch an der Regierung Bettel-Schneider ze ginn.
Vun 2013 bis 2015 war d'Maggy Nagel Vizepresidentin vun der DP.
Si schafft zanter dem 1. Abrëll 2016 als Premier conseiller de gouvernement am Wirtschaftsministère, wou si ë. a. d'Weltausstellung 2020 zu Dubai preparéieren hëllefe soll.[4]
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.