Secondairesschoul zu Mamer From Wikipedia, the free encyclopedia
De Lycée Josy-Barthel Mamer, kuerz LJBM, meeschtens einfach Mamer Lycée genannt, ass eng ëffentlech Secondairesschoul déi hir Dieren am September 2003, westlech vun der Stad Lëtzebuerg, um Campus Tossebierg zu Mamer opgemaach huet. D'Schoul ass nom Lëtzebuerger Liichtathleet a Politiker Josy Barthel (1927-1992) genannt, dee vu Mamer gebierteg war.
De Lycée Josy Barthel (Abrëll 2006) | |
Mamer Lycée (LJBM) | |
---|---|
Typ | Secondairesschoul, Héichschoul, ëffentlech Schoul |
Regimm | Classique, General, Professionnel, Brevet de technicien supérieur |
Land | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Mamer |
Adress | 2, rue Gaston Thorn L-8268 Mamer |
Leedung | Claude Christnach |
Schülerzuel | 1.350 |
September 2022 | |
Ënnersteet der/dem | Ministère fir Bildung, Kanner a Jugend, Ministère de la Recherche et de l'Enseignement supérieur |
Gegrënnt | 18. Juli 2001 |
Genannt no | Josy Barthel |
Um Spaweck | http://www.ljbm.lu/ |
De Lycée huet eng eege Schwämm, déi wa keng Schoul ass, och fir de Public op ass, sou wéi eng eege Gare, mat där en duerch en ëffentlechen Trëppelwee vun enger 800 Meter verbonnen ass.
Am éischte Joer waren 400 Schüler ageschriwwen, an 2018 waren et der 1.208[1].
Mam Gesetz vum 3. August 1998 huet d'Chamber der Regierung d'Erlabnes gi fir e Lycée zu Mamer ze bauen[2]. De Budget deen dofir virgesi war louch uganks bei 2,49 Milliarde Frang, gouf méi spéit awer op 2,72 Milliarde gehéicht[3].
De Lycée gouf mam Gesetz vum 18. Juli 2001 an d'Liewe geruff a krut den Numm « Lycée technique Josy-Barthel »[3]. Zanter der Rentrée 2008/09 heescht en « Lycée Josy Barthel »[4].
Commons: Lycée Josy-Barthel Mamer – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.