Statioun vum Stater Tram From Wikipedia, the free encyclopedia
Luxexpo ass eng Halt op der Linn T1 vum Stater Tramsreseau, déi den 10. Dezember 2017 opgaangen ass.
Standuert vun der Statioun | |
Typ | Tramshalt |
---|---|
Status | am Gebrauch |
opgaang | 10. Dezember 2017 |
genannt no | Luxexpo The Box |
Lag vun der Statioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Kierchbierg |
Koordinaten | 49°38'7,19"N, 6°10'32,77"O, 49°38'8,20"N, 6°10'33,96"O |
Reseau | |
Bedreiwer | LuxTram |
Reseau | Stater Tram |
Linn(en) | Luxtram-Linn T1 |
Gleiser mat Quai | 2 |
Nopeschstatioun(en) |
Héienhaff, Alphonse Weicker |
D'Statioun läit beim Rond-point Serra, am Ufank vun der Avenue John-F.-Kennedy am Quartier Kierchbierg vun der Stad Lëtzebuerg. Bis datt d'Streck bis op de Findel verlängert gëtt, ass d'Statioun Luxexpo de provisoreschen Terminus.
aus Richtung | virdrun | Statioun | duerno | a Richtung |
---|---|---|---|---|
Findel Aéroport[1] | Héienhaff[1] | Luxexpo | Alphonse Weicker | Stadion |
D'Statioun läit no bei der Luxexpo The Box, no där se och genannt ass.
D'Statioun huet 2 Gleiser mat jeeweils engem säitleche Quai an ass mat Tramshaisercher an elektroneschen Informatiounspanneauen ekipéiert. Kuriéiserweis ass den Numm vun der Statioun net op de Quaien ugeschloen. D'Statioun ass fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit accessibel.
Bei der Statioun gëtt et eng bikebox fir Vëloen ofzestellen, eng Vel'oH!-Statioun an et huet een an der Busgare Luxexpo Uschloss op eng sëlleg AVL- an RGTR-Buslinnen.
Commons: Luxexpo (Tramshalt) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.