Luena (Moxico)
From Wikipedia, the free encyclopedia
Luena ass eng Stad am Oste vun Angola an d'Haaptstad vun der Provënz Moxico. Wärend der portugisescher Kolonialzäit huet se Luso, respektiv Vila Luso geheescht.
Luena | |
---|---|
![]() D'Verwaltungsschoul zu Luena | |
Land | Angola |
Vewaltungseenheet | Moxico |
Awunner | 390.707[1] |
Schätzung vun 2017 | |
Fläch | ? |
Héicht | 1.350[2] |
Koordinaten |
11° 47’ 30.48’’ S 19° 54’ 22.32’’ O |
Telefonszon | 054 |
Websäit | / |
|
Luso ass 1895 vum Lieutenant-Colonel Trigo Teixeira gegrënnt ginn a krut den 18. Mee 1956 Stad-Statut. 1975, wéi Angola onofhängeg ginn ass, krut se den neien Numm Luena, benannt no engem Waasserlaf südlech vun der Stad.[2]
Mat enger duerchschnëttlecher Altitude vun 1.350 Meter falen zu Luena ronn 1.200 mm Reen d'Joer.[2] Am Schnëtt läit d'Temperatur bei 21 Grad Celsius.[2]
2017 hunn zu Luena Schätzungen no 390.707 Awunner gewunnt, dovun 183.845 Fraen.[1] D'Stad setzt sech aus ënnerschiddlechen ethnesch-linguistesche Gruppen zesummen, dorënner Côkwe (déi gréisst Grupp), Luvale, Ovimbundu, Bundas, Luchazes a Lunda Dembo.[2]
Luena läit un der Benguelabunn tëscht Huambo am Zentrum vum Land a Luau bei der Grenz mam Kongo. De Fluchhafen vu Luena huet den IATA-Code LUO.
De laangjäregen UNITA-Leader Jonas Savimbi läit zu Luena begruewen.[3]
Biller
- D'Kierch Igreja do Sacalumbo Nossa Senhora das Vitórias
- Den Instituto Médio de Administração e Gestão
- De Gaart vum Gouverneurspalast
- De Fluchhafe vu Luso, dem haitege Luena, 1975
Commons: Luena – Biller, Videoen oder Audiodateien
Referenzen
- Agëncia Angola Press: Cidade do Luena existe há 61 anos (18. Mee 2017)
- Mail & Guardian: Jonas Savimbi's tomb vandalised, says Unita (23. Januar 2008)
Wikiwand - on
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.