franséische Vëlossportler From Wikipedia, the free encyclopedia
De Louison Bobet, gebuer den 12. Mäerz 1925 zu Saint-Méen-le-Grand, a gestuerwen den 13. Mäerz 1983 zu Biarritz, war e franséische Vëlosprofi an Tour de France Gewënner.
Louison Bobet | |
---|---|
Gebuertsnumm | Louis Bobet |
Gebuer |
12. Mäerz 1925 Saint-Méen-le-Grand |
Gestuerwen |
13. Mäerz 1983 Biarritz |
Doudesursaach | Hirekriibs |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Vëlossportler, RIF- Resistenzler |
Huet matgemaach bei | Tour de France |
Famill | |
Geschwëster | Jean Bobet |
De Bobet war Profi vun 1947 bis 1961, an huet an där Zäit 122 Victoiren eragefuer.
Hien ass fir d'Ekipp de France gefuer a fir e puer aner Ekippen: « Stella » vun 1948 bis 1955, « Mercier » vun 1955 bis 1960 an « Ignis » 1961.
Nodeem hien de Vëlo den 10. August 1962 un den Nol gehaangen hat, huet hien een Thalassotherapiezentrum zu Quiberon opgemaach an e puer Joer méi spéit en aneren zu Biarritz
Säi Brudder de Jean Bobet, dee fënnef Joer méi jonk war, huet 1955 Paris-Nice an 1956 Genua - Nice gewonnen. Hie war Drëtten 1953 am Circuit du Morbihan an dat selwecht Joer och Drëtte beim Milano-Sanremo
1993 gouf hien an d'Lëscht vun de Gloires du sport opgeholl.
Commons: Louison Bobet – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.