Remove ads
tschechesche Komponist From Wikipedia, the free encyclopedia
De Leoš Janáček, gebuer den 3. Juli 1854 zu Hukvaldy a gestuerwen den 12. August 1928 zu Ostrava, war en tschechesche Komponist.
Leoš Janáček | |
---|---|
Gebuertsnumm | Leo Eugen Janáček |
Gebuer | 3. Juli 1854 |
Gestuerwen |
12. August 1928 Ostrava |
Doudesursaach | Longenentzündung |
Nationalitéit | Keesertum Éisträich, Tschechoslowakei |
Educatioun | Hochschule für Musik und Theater „Felix Mendelssohn Bartholdy“ Leipzig |
Aktivitéit | Komponist, Musikolog, Pedagog, Dirigent, Librettist, Enseignant, Folklorist, Musekskritiker, Musekstheoretiker, Redakter, Chouerdirigent, Musekspedagog, Organist |
Vun Oktober 1879 bis Februar 1880 huet de Janáček um Conservatoire vu Leipzig, dono e puer Méint op deem vu Wien studéiert. Hien hat virdru fir Schoulmeeschter a Museksprof studéiert, an och Uergel geléiert. 1881 gouf hien Direkter vun der Uergelschoul vu Brno. Déi Plaz hat hie bis zu senger Pensioun, 1919. Ausserdeem war hie vun 1881 bis 1888 Dirigent vun der Philharmonescher Gesellschaft. 1919 gouf hien dunn nach Direkter vum nei gegrënnte private Conservatoire vu Brno.
Seng haut bekanntst Wierker huet hie bal all an de leschten zéng Joer vu sengem Liewe geschriwwen: d'Opere Katja Kabanowa, Příhody lišky bystroušky ("De schlaue Fiisschen"), Věc Makropulos ("D'Affär Makropulos"; 1923–1925) a Z mrtvého domu ("Aus engem Doudenhaus"); déi zwéi Quartetter fir Sträicher, d'Sinfonietta an d'Glagolitesch Mass.
De Janáček huet d'Vollekslidder aus senger Heemecht gesammelt, an huet d'Sprooch vu Leit an d'Lauter aus der Natur genee analyséiert. Dëst huet sech a senge Kompositiounen erëmfonnt, wou déi sougenannt "Sproochmelodie" eng wichteg Roll gespillt huet, déi typesch fir säi Stil war. Hien huet eng ganz Theorie do ronderëm entwéckelt.
Nieft senge Kompositiounen an de Coursen déi e ginn huet, huet de Janáček reegelméisseg Feuilletonen fir d'Zeitung Lidové noviny geschriwwen.
Commons: Leoš Janáček – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.